«Keng Pensiounsreform op Käschte vun deene Jonken ! » Eng Pensiounsreform muss generatiounegerecht sinn. Dat waren d’Haaptmessagë gëschter op enger Pressekonferenz vu 5 Jugendparteien. D’nächst Woch ass an der Chamber eng Debatt iwwert de Pensiounsystem. Am Virfeld vun där Debatt hunn d’Chrechtlech-sozial Jugend, d’Jonk Demokraten, d’Jonk Sozialisten, d’Jonk Gréng an d’Jonk Lénk hire Mammeparteien um Krautmaart Prinizipie mat op de Wee ginn, déi ee misst respektéieren, Fränz Aulner

13/03/2025 BAND Jugendparteien Renten

Op 5 grousse Prinzipien sinn se sech eens, mee déi 5 Jugendparteien hu preziséiert, datt se bei verschiddene Punkten am Detail, eegen ënnerschiddlech Positioune wäerten nach kommunzéieren.