
© pixabay
Ënnert dem Vitaminn B Komplex versti mer eng Grupp vun 8 Vitaminnen déi wichteg si, fir de Stoffwiessel, d'Bluttbildung an d'Nerven. De Kierper stellt d'B-Vitaminnen net selwer hier, ma muss se iwwert d'Nahrung ophuelen. Eng ausgeglachen Ernierung geet och meeschtens duer, fir e Mangel z'evitéieren.
Den éischte B-Vitaminn ass an Asien vun engem hollänneschen Dokter fonnt ginn, deem opgefall ass dass Prisonéier an engem Prisong eng neurologesch Krankheet haten, schlecht konnte goen an e schlecht Gefill an de Been haten. Den Dr. Marc Keipes aus dem Gesondheetszentrum vun den Hopitaux Robert Schumann:
Komescherweis haten d'Hénger, déi am Prisong gelieft hunn, et och, awer déi Hénger, déi ausserhalb vum Prisong waren, haten dat net an e konnt dunn do feststellen, dass dat dohier koum, dass d'Prisonéier an och déi Hénger, déi am Prisong waren, geschielte Räis kruten an d'Baueren, déi ausserhalb vum Prisong gewunnt hunn, hunn Vollkornräis geholl an do ass déi Krankheet net opgetratt. Déi Vitaminn B1 ass also an de Schuele vun dem Räiskäer. A wann een also nëmme poléierte wäisse Räis ësst, feelt engem dee Vitaminn dann.
Vitaminn B1, B2, B3, B5, B6, B9 a B12 sinn alleguer waasserléislech a mir fannen se ënnert anerem an Déiere- Mëllech- a Vollkarproduiten. Mënschen déi kee Fleesch iessen, sollten hei méi genee kucken. D'Heilpraktikerin Anja Welsch lieft scho ganz laang vegan:
Als Veganerin lass ich reegelmässig den Vitamin B12 Spiegel kontrollieren. Kann man im Blut, ist ganz einfach, sollte jeder aber ab und zu machen. Vitamin B12 ist das sogenannte Energievitamin. Wenn man sehr müde und abgeschlagen ist, sollte man es auch kontrollieren lassen. Und es ist sehr gut bei neuralgischen Problemen. Also wenn jemand eine Ischialgie hat zum Beispill, spritzt der Arzt Vitamin B12.
B Vitaminne sinn also wichteg fir eng optimal Energie ze gewannen. Si hunn och zwou Haaptfunktiounen, déi an direktem Zesummenhang mat der kierperlecher an der geeschteger Leeschtung stinn. Ma och wie genuch Fleesch ësst, ass net ëmmer optimal domat versuergt.
Durch die Auswaschung der Böden und die schlechte Qualität der Böden, nehmen die Tiere das mit der Nahrung nicht mehr so gut auf, wie es früher der Fall war. Also die Böden sind B12 ärmer. Und es gibt schon Landwirte, déi das im Futter dazugeben. Das heisst, das Tier isst dann das Supplement und der Mensch bekommt es dann über das Tier. Aber heute heisst Fleischessend nicht mehr, man ist mit B12 wirklich versorgt. Deshalb sollte man es doch ab und zu mal überprüfen lassen.
Vitamin B1: Vollkornprodukte, Schweinefleisch, Thunfisch
Vitamin B2: Milch- und Milchprodukte, Fisch, Fleisch, Brokkoli
Vitamin B3: Fisch, Fleisch, Innereien, Bohnenkaffee
Vitamin B6: Hühner- und Schweinefleisch, Fisch, Hülsenfrüchte, Bananen
Vitamin B9: Spargel, Tomaten, Kohl, Hülsenfrüchte, Vollkornprodukte
Vitamin B12: Fleisch, Fisch, Milchprodukte, Eier

© pixabay