Erwuesse Mënsche hunn Tréinen an den Aen a jäize vu Freed. Esou kann een dat an den TikTok Videoe gesinn, an deenen Influencer e Pak vun der brittescher Firma Jellycat auspaken, oder wa Frëndinnen sech mat de Plüsch-Spillsaache géigesäiteg beschenken. Eng Avocado oder e Croissant aus Plüsch, eng To-go-Kaffistaass - den Ëmsaz vun Jellycat schéisst reegelrecht an d'Luucht. Ma wat oder wien stécht hannert dem Hype vum Kuschel Iessen? Michèle Schons?

10/06/2025 Hype Jellycat a Co

D'Bridder William an Thomas Gatacre, déi hir Spillsaachefirma 1999 zu London gegrënnt hunn. Jellycat verkeeft och Bicher, Accessoiren a Bebe-Spillsaachen an d'Firma huet Kooperatioune mat groussen Haiser wéi Selfridges oder John Lewis a Groussbritannien. Markenzeeche sinn dat mëllt Material, den Detailverléiften Design an d'Gesiicht wat laacht. D'Fans behaapten dass d'Pillemen hinne Gebuergenheet schenken, ma den Erfolleg vun der Mark ass virun allem duerch geschéckte Marketing z'erklären.

Wéi fonctionéiert dat da genee?

Zweemol am Joer gëtt et eng nei limitéiert Kollektioun. Eng Strategie, déi sech aus der Moudebranche ofgekuckt gouf. Déi begrenzten Disponibilitéit léisst de Sammlerwäert klammen an dacks sinn d'Figuren online ausverkaaft. Laut Analysen hu Jugendlecher a jonk Erwuessener wärend der Pandemie en neien Hobby am Sammele vu Plüschdéiere fonnt an an den USA huet hei besonnesch d'Mark Squishmallows profitéiert wou de Client laut Firma tëscht 18 a 24 Joer al ass.

Et gëtt awer nach eng drëtt Strategie?

Jo, a Pop-Up-Geschäfter zu New York, London a Paräis kënnen d'Fans passend zur jeeweileger Länner-Kichen Fish and Chips, Pancakes oder Croissante kafen - aus Plüsch. D'Firma mécht hei och e Social Media Gag, an deem d'Mataarbechter d'Plüschiessen op spilleresch Manéier zoubereeden. Wéi laang den Trend hale wäert ass ongewëss, op allefall schéngen se elo nach méi Konkurrenz ze kréien, well d'Mark Palm Pals vun Aurora World an den ireschen Discounter Primark verkafen Jellycat Copien zu däitlech méi bëllege Präisser.

Also bequeem sinn se, dat muss een de Pilleme loossen. An et ass bei deene jonken och e beléifte Kaddo.

RTL

© https://www.squishxmallowsofficial.us.com/