Mir geheien e Bléck an d’Gamingwelt an haut kann fir deen een oder aneren e wichtegen Dag sinn. Vun haut un kritt een nämlech d’Nintendo Switch 2 ze kafen, ma d’Céline Spithoven kuckt mat eis awer och zeréck op Erfolleger vun anere Konsolen.

05/06/2025 Release Switch 2 8h40 C.Spithoven

Zanter de 70er Joren, wou alles mat der Odyssey ugefaangen huet, hu vill Konsolen d'Gamingwelt revolutionéiert. Mä nëmmen e puer hu sech esou duerchgesat, dass si et an eis Top 5 gepackt hunn. Ganz uewen op där Lëscht steet d’PlayStation 2. Si ass am Joer 2000 erauskomm an huet mat iwwer 160 Millioune verkafe Stéck alles iwwertraff. Mat Spiller wéi GTA San Andreas, Final Fantasy X oder Tekken 5 huet se d’Gamingwelt definéiert – a mat iwwer 1,5 Milliarde Spiller déi verkaaft goufen, ass de Succès enorm.

Net wäit dervun ewech läit d’Nintendo DS, déi kleng, klappbar Konsol mat hiren zwee Bildschiermer war kleng an portabel. Si huet eng nei Form vum mobillen Gaming erfonnt – mat Touchscreen, Mikro a Spiller wéi Nintendogs, Pokémon Diamond, oder Mario Kart DS gouf se e Must-Have fir eng ganz Generatioun.

D’Nintendo Switch, déi zanter 2017 um Maart ass, huet Nintendo no der méi schwaacher Wii U erëm un d’Spëtzt bruecht. Mat hirer Hybrid-Funktion – op der Tëlee doheem oder  an der Hand wann een ënnerwee ass – huet Nintendo eng Konsoul fir all Situatioun erausbruecht. Zelda: Breath of the Wild, Mario Kart 8 Deluxe, an Animal Crossing: New Horizons si just e puer vun de Spiller, déi d’Switch zu enger vun de populäerste Konsolen gemaach hunn. Bis haut goufe méi wéi 152 Milliounen Exemplare verkaaft – an den Erfolleg ass nach net eriwwer.

E Klassiker, deen een net vergiessen däerf, ass natierlech de Game Boy. 1989 erauskomm a méi spéit an enger Color-Versioun, huet hien d’Grondlag fir mobille Gaming geluecht. Trotz senger einfacher Technik huet en duerch Spiller wéi Tetris oder déi éischt Pokémon-Editioune de Weltmarché dominéiert.

An dann ass do nach d’PlayStation 4, déi 2013 erauskomm ass. Mat méi wéi 113 Millioune verkaafte Konsolen an Hits wéi GTA V, Spider-Man oder Uncharted 4 huet Sony sech däitlech géint säin Haaptkonkurrent Flex mat der xBox One duerchgesat.

A genau haut kënnt de Nofollger vun engem vun dëse Risen op de Marché: D’Nintendo Switch 2. No Méint vu Spekulatiounen a Rumeuren kritt ee se vun haut un ze kafen. D’Switch 2 versprécht méi Leeschtung, e méi groussen OLED-Bildschierm an eng méi laang Liewensdauer vun der Batterie. Si bleift kompatibel mat de meeschte Spiller vun der éischter Switch, bréngt awer och nei Highlights mat: mat Mario Kart World, Metroid Prime 4 a souguer eng Zelda-Erweiderung gëtt gelackelt.

An d’Fans? Déi stinn deelweis scho zënter Wochen op der Virverkafslëscht a rennen an d’Butteker.  D’Erwaardunge sinn héich – mee Nintendo huet an der Vergaangenheet gewisen, dass si genau wësse wéi ee Gamer begeeschtert. Mir bleiwe gespaant an déi éischt Feedbacke vun de Notzer wäerte bestëmmt net laang op sech waarde loossen.