
De 16. Juni stinn si an der Rockhal op der Bün - Jimmy Eat World. Viru méi wéi 20 Joer koum hire gréissten Hit eraus, mee wat mécht d'Band elo? Dat seet eis d'Céline Spithoven.
De Song „The Middle“ vu Jimmy Eat World ass fir vill Leit méi wéi just en Hit – en Titel, deen eng Generatioun begleet huet an d’Band international bekannt gemaach huet.
D’Geschicht vun der Band geet zeréck op d’Mëtt vun den 90er Joren zu Mesa, Arizona, wou 4 Kolleegen als Skatepunk- an Emo-Act ugefaangen hunn. Awer relativ séier huet sech e méi breede, alternative Rocksound duerchgesat, mat vill Emotioun a strukturéierter Musek.
Mat „Clarity“, engem Album vun 1999, huet d’Band e musikalesche Statement gesat, dat trotz schwaachem kommerziellen Erfolleg haut als Klassiker gëllt. Duerchhalverméigen huet sech ausbezuelt: 2001 mat „Bleed American“, en Album deen d’Band komplett selwer finanzéiert huet, koum den Duerchbroch. D’Single „The Middle“ gouf zu engem vun de gréisste Feel-Good-Rocksongs vun der fräier Welt an ass ëmmer nach present a Serien, Filmer a Playlëschten.
Awer d’Band huet sech net op dësem Erfolleg ausgerout. Albe wéi “Futures” oder “Chase This Light” hu gewisen, dass Jimmy Eat World och no e puer Joer relevant bliwwe sinn, mat Lidder, déi sech mam Selbstbild a Liewensentscheedunge befaassen.
2025 ass d’Band nach ëmmer aktiv. No enger erweiderter Versioun vun hirer EP “Surviving” schaffen si aktuell un engem neien Album, deen – eegenen Aussoen no "atmosphäresch an introspektiv" soll ginn. Donieft ass eng Kollaboratioun mat engem Indie-Produzenteteam aus Seattle annoncéiert ginn, wat op nei kreativ Weeër hiweist.
"Mir wëllen net just déi Band sinn, déi d’Leit just fir The Middle buchen – mir hunn nach vill méi ze erzielen." sou den Jim Adkins, Sänger vun Jimmy Eat World
Och op der Bün bleift d’Band present an dat mat enger Welttournée am Summer 2025 an engem geplangte Live-Album-Projet. An d’Fans bleiwe loyal: online ginn nach ëmmer Texter gedeelt, Vintage-Merch gepost an nei Lidder diskutéiert.
Mat iwwer 30 Joer Museksgeschicht ass Jimmy Eat World eng vun deene Formatiounen, déi et fäerdegbruecht hunn, sech ze entwéckelen, ouni hir Identitéit ze verléieren. Vum Skatepunk bis bei introspektive Rock - si bleiwen eng Stëmm, déi hänke bleift
A fir déi, déi sech froen, wéi een op esou en Numm kënnt: Jimmy Eat World kënnt vum Gitarist Tom Linton senge klenge Bridder. Den Ed an den Jimmy hu sech ëmmer gestridden an dorops hin huet den Ed e Bild gemoolt, wéi den Jimmy d’Äerd ësst, well hien esou deck wier an huet säi Bild Jimmy eat world genannt. D’Band huet dëst dunn als Numm iwwerholl.