An de Fliger klamme a schonn do seng Vakanz genéissen, dat ass eist Zil. De Luxair-Pilot Charles Victor gëtt eis Erklärungen iwwert de Fliger, d'Technik derhannert a falsch Virurteeler.
Haut geet et ëm Turbulenzen a Loftlächer woubäi dee Begrëff net ganz korrekt ass.
"Et gëtt keng Plaz an der Atmosphär, wou u sech e Lach ass, wou keng Loft ass. E Vakuum an der Loft, dat gëtt et net. An de Fliger mat de Flilleke mécht jo u sech näischt anescht, wéi dass en duerch eng Loftmass flitt an dann eeben där Loftmass och noflitt. Dat heescht, wann s de e schéine Summerdag hues, wou alles schéi roueg ass, dann ass déi Loftmass laminär an de Fliger flitt dann eeben och do derduerch an e gëtt u sech net weider beweegt. Wann s de awer elo en Dag hues, wou entweeder den Jetstream ganz staark ass, also déi Loftmass, déi iwwert den Atlantik iwwer Europa kënnt, do kanns de Deeg hunn, do hues de e bloen Himmel, mee awer immens Loftmassen, déi sech séier duerch d' Atmosphär beweegen an dat wirbelt déi ganz Loftmassen op."
An deem Fall gëtt de Fliger da vun de Loftmassen beweeg, dat spiere mer dann als Turbulenz.
"Dat ass awer gutt esou, well mir wëlle jo, datt de Fliger u sech duerch déi Loftmasse soll fléien. Dat heescht, dat ass u sech dee selwechte Phenomen, wéi deen deen de Fliger sécher an der Luucht hält, just datt et dee Moment ebe manner confortabel ass, well mer dat als Turbulenze spieren."
Dofir ginn et natirlech bei der Produktioun vun engem Fliger gewëssen Normen déi ënner extreme Konditioune getest ginn.
"Wann een e Prototyp huet, wéi lo leschtens vum Airbus 350 zum Beispill, dann huelen se de Prototyp, da stellen se deen an den Hangar, da gëtt deen also e Gestell agestréckt, wou se de Flillek huelen an de Flillek ufänke ginn no uewen ze béien. An dann, dat gesäit een, et ass impressionnant, de Flillek steet dann no uewen an u sech géif een dat just an engem Comic gesinn an net am richtege Liewen, well s de keng natierlech Kraaft hues, déi de Flillek iwwerhaapt esou wäit kéint béie goen. Wat awer elo ass, dee Flillek, deen däerf net briechen, deen däerf och net futti goen, well wann ee lo géif futti goen, da sinn d' Normen net erfëllt an dann dee Moment dierf de Fliger net a Produktioun goen an och keng Passagéier mathuelen. Dat heescht, datt all déi Steps, déi do virdru sinn, déi sinn esou wäit opgeluecht a mat Sécherheetsstandarden, dass de haut net an engem Fliger kanns fléien, deen duerch eng Turbulenz kéint eroffalen oder futti goen."
Hei de Site wou ee sech vu September u ka fir d'Couren umellen: https://www.luxair.lu/de/aviophobie (d'Kueren sinn 2026 an ëmmer ganz séier ausverkaf)