
© CTMG
Eng Portioun Thriller verpak an engem Mantel aus Komedie a ganz vill Duercherneen, esou kann een den éischten Androck vum neie Film Caught Stealing beschreiwen, deen de Mëttwoch am Kino uleeft. D’Céline Spithoven huet e bësse méi Detailer fir Iech.
Wie zur Hölle ist das passiert?!... Dat ass eng berechtegt Fro, déi sech am neien Darren Aronofsky Film gestallt gëtt. De fréiere Baseballspiller Hank Thompson, gespillt vum Austin Butler, ass ausgebrannt a lieft en éischter duerchschnëttlecht Liewen. Vun engem Moment op den anere soll hien op d’Kaz vu sengem skurrillen Noper oppassen a scho fënnt hie sech matten an engem Kampf ëm d’Iwwerliewen erëm a muss sech mat den 90er Jore – Kriminellen zu New York ëremschloen. Säin Noper ass nämlech net an d’Vakanz gaangen, mee huet kurzfristeg misse verschwanne fir de Banden ze entkommen. An dofir muss elo den Hank Thompson duerhalen. Wat genee d’Gangstere vun ëm wëllen, versicht hien erauszefannen, mee dofir muss hie laang genuch iwwerliewen.
E gelounten Ofstellraum mat Millioune vu Suen, en Haaptpersonnage, deen eigentlech näischt mat Geschäfter aus dem Hannerraum ze dinn huet an d’Bezéiung zu senger Frëndin, gespillt vum Zoë Kravitz, maachen dëse Comedy-Thriller ronn.
Och de Vincent d’Onofrio an de Bad Bunny sinn op der Leinwand ze gesinn. Wat dobäi rauskoum? Dovu kënnt dir Iech vun e Mëttwoch u selwer iwwerzeegen.