De Freideg geet et rëm lass, um Glacis blénken d’Liichterketten, d’Musek leeft op all Eck an et heescht rëm "Maximum de Sensation". Um 17 Auer ass déi grouss Ouverture vun der Schueberfouer 2025. D’Céline Spithoven huet kuerz virdru beim President vun de Forainen de Bols gefillt. 

Méi wéi 200 Forainen, nei Attraktiounen a vill Gastronomie maachen d’Schueberfouer 2025 zum Highlight am Spéitsummer. D’Stad rechent mat zwee Millioune Visiteuren. An trotz Präisdeierecht a Spuere, Spuere , Spueren. Fir eng Visitt op der Kiermes schéngen d’Leit eng Ausnam ze maachen, dofir kuckt de Charel Hary, President vun de Forainen och positiv op déi 685. Editioun vun der Schueberfouer. 

„Ech mengen, dass d’Leit kommen. Déi lescht Kiermesse si gutt gelaf. D‘Leit hu Loscht op Kiermes-Feeling“

 A wéi all Joer, wëll een de Visiteuren och eppes Neies bidden. Eng nei Achterbunn, d‘Karussell Mondlift an d’Waasserbunn Rio Rapidos wäerten d’Visiteuren unzéien. Ma nieft dem gebakene Fësch, de Schokolasfriichten an de Gromperekichelcher ginn et elo och Corn-Dogs made in Lux op der Fouer. An à propos Gromperekichelcher. Déi kaschte mëttlerweil 7,50 Euro fir 3 Stéck. Dat ass nawell e Präis. Ass dat op deier Matière Premièren zeréckzeféieren? 

 "D'Käschte sinn ëmmer nach e bësse méi héich, mee mir versichen dat net op de Client ofzewälzen. Dann ass de Gewënn ebe bësse méi kleng"

Ma obwuel sech dach all Joers iwwert déi méi héich Präisser opgereegt gëtt, kommen d‘°Visiteuren dach awer. De Präis u sech wier net de Grond fir eng schlecht Fouer: 

"D'Wieder muss matspillen. Wann d'Wieder schlecht ass kommen d'Leit net. Bei guddem Wieder ass de Lampertsbierg gutt gefëllt." 

Dat kënne weder d’Forainen nach d’Stad Lëtzebuerg beaflossen. Et wier een awer positiv gestëmmt. Genuch Undrang fir op der Fouer ze schaffen hätt ee gehat, mat den Opbau-Aarbechte wier ee gutt virkomm an och soss géif alles passen. De President vun de Foraine ka sech net bekloen a freet sech op déi nächst dräi Wochen. 

Hei nach e puer praktesch Informatiounen:

Um ganze Site gëtt et elo Wifi n verluere Kanner, sollen dëst Joer net esou laang verluer bleiwen. D’Police, déi jo och hir fix Platz um Glacis huet, huet elo Stickere mat Codë fir d’Kanner parat. Wann e Kand seng Famill verléiert, kënnen unhand vun dësem Code déi Concernéiert direkt kontaktéiert ginn. Parke soll een op der Park&Rides. Hei gi wéi déi lescht Joren och Navetten ugebueden. Den Ofschloss gëtt den 10. September um 22 Auer traditionell mat engem grousse Freedefeier um Pont Grand-Duchesse Charlotte gefeiert a fir déi, deenen d’Fouer awer ze deier ass, lount sech de Besuch op speziellen Deeg.