De Kinepolis hei um Kierchbiert organiséiert dëse Weekend, vum Samschdeg op de Sonndeg en Harry Potter Marathon Event, bei deem all 8 Filmer vun der Saga gewise ginn. Mir proposéieren iech haut e klengen Iwwerbléck iwwert d'Filmer, ugefaange mam Harry Potter and the Philosopher's Stone.

Den Optakt vun den Harry Potter Filmer entféiert de Public an eng faszinéierend nei Welt. Mir erliewe, wéi den Harry aus dem triste Liewe bei den Dursleys an d'Zauberschoul Hogwarts kënnt. De Film lieft vu sengem Entdeckergeescht: D'Spectateure léieren zesumme mam Harry d'Winkelgasse, d'Schlass, Quidditch an den Zaubercours kennen. D'Zesummespill tëscht Fantasie, Humor a Spannung schaaft eng magesch Atmosphär, déi besonnesch de jonke Public begeeschtert, ma och méi déif Theme wéi Frëndschaft, Loyalitéit an de Courage, séch dem Béisen ze stellen, zéien sech duerch de Plot.

Déi final Konfrontatioun mam Voldemort, den am Kierper vum Prof Quirrell iwwerliewe wëllt, weist dem Harry sneg Stärkt a seng besonnesch Plaz an der Zauberwelt. De Film iwwerzeegt als fantasieräichen Optakt a leet de Grondsteen fir eng Sage déi am Verlaaf méi eescht a méi déifgrënneg gëtt.

De Marathon geet e Samschdeg um hallwer 10 Moies un an dauert bis e Sonndeg de Moien. Wärend dem Event ginn et och Erfrëschungspausen a Kaffi Moies.