
De Kinepolis hei um Kierchbierg organiséiert dëse Weekend, vum Samschdeg op de Sonndeg en Harry Potter Marathon Event, bei deem all 8 Filmer vun der Saga gewise ginn. Mir proposéieren iech haut e klengen Iwwerbléck iwwert d'Filmer, do beliichte mer elo den drëtten Deel, Harry Potter and the Prisoner of Azkaban.
Mam drëtten Deel schléit d'Harry Potter Serie definitiv méi erwuessen Téin un. Déi düster Inzenéierung vum Alfonso Cuarón hieft de Film däitlech of a gëtt em eng eegen Identitéit. D'Dementoren, Wiechter vun Askaban, schafen eng bedreelech Atmosphär a stellen den Harry virun emotional Erausfuerderungen.
Donieft bréngt och d'Decouverte ëm de Sirius Black a Peter Pettigrew eng iwwerraschend Tournure an d'Handlung. Besonnesch gegléckt ass d'Sequenz vun der Zäitrees, déi Spannung an Intelligenz vereent an de Spectateur aktiv mat rode léist. Um Enn ass dem Harry seng Welt méi komplex: Schwaarz a Wäiss verschwannen an e fënnt mam Sirius e Stéck Famill zeréck. D'Mëschung aus däischterer Stëmmung, Charakterentwécklung a mageschen Iddie mécht de Film zu engem vun de stäerkste vun der Serie.
De Marathon geet e Samschdeg um hallwer 10 Moies un an dauert bis e Sonndeg de Moien. Wärend dem Event ginn et och Erfrëschungspausen a Kaffi Moies.