
De Kinepolis hei um Kierchbierg organiséiert dëse Weekend, vum Samschdeg op de Sonndeg en Harry Potter Marathon Event, bei deem all 8 Filmer vun der Saga gewise ginn. Mir proposéieren iech haut e klengen Iwwerbléck iwwert d'Filmer, do si mer beim fënneften Deel Harry Potter and the Order of the Phoenix.
Am fënneften Deel kritt d'Geschicht dann eng politesch Dimensioun. De Ministère refuséiert d'Wouerecht a schéckt d'Dolores Umbridge, där hir streng Reegelen a grausam Strofen Hogwarts an eng depressiv Schoul verwandelen. Den Harry grënnt heemlech d'Dumbledores Arméi, wouduerch de Film d'Resistenz an den Zesummenhalt staark betount. Déi Jugendlech wuessen iwwert sech eraus, wärend den Harry ëmmer méi mat sengen eegenen Ängschte kämpft.
D'Finale am Ministère offréiert vill Action an devoiléiert de Valdemort virun allen Aen. De Film iwwerzeegt als Mëschung vun Coming-of-Age, donkeler Muecht an engem klore Message iwwer Courage a Wouerecht.
De Marathon geet e Samschdeg um hallwer 10 Moies un an dauert bis e Sonndeg de Moien. Wärend dem Event ginn et och Erfrëschungspausen a Kaffi Moies.