
De Kinepolis hei um Kierchbierg organiséiert dëse Weekend, vum Samschdeg op de Sonndeg en Harry Potter Marathon Event, bei deem all 8 Filmer vun der Saga gewise ginn. Mir proposéieren iech haut e klengen Iwwerbléck iwwert d'Filmer, do beliichte mer elo de sechsten Deel, Harry Potter and the Half-Blood Prince.
De sechste Film vereent Teenager-Alldag mat däischteren Decouverten. D'Romanzen an d'Jalousien tëscht de Figuren maachen d'Handlung méi labber a ginn hir méi Liichtegkeet. Ma am Hannergrond gëtt d'Bedreeung méi grouss: Den Dumbledore weist dem Harry decisiv Erënnerungen, déi dem Voldemort seng Vergaangenheet an d'Horkrux erklären. D'Zauberbuch vum mysteriéisen Hallefbluttprënz liwwert spannend Momenter an onerwaart Decouverten.
Déi dramatesch Finall offréiert en emotionalen Héichpunkt. De Film preparéiert mat enger Mëschung aus Dramatik, Rätselen a subtille Charakteren op den decisiven Endkampf a weist däitlech wéi no d'Figuren um Erwuessesinn an dem Eescht vum Liewen ukomm sinn.
De Marathon geet e Samschdeg um hallwer 10 Moies un an dauert bis e Sonndeg de Moien. Wärend dem Event ginn et och Erfrëschungspausen a Kaffi Moies.