
De Kinepolis hei um Kierchbierg organiséiert dëse Weekend, vum Samschdeg op de Sonndeg en Harry Potter Marathon Event, bei deem all 8 Filmer vun der Saga gewise ginn. Mir proposéieren iech haut e klengen Iwwerbléck iwwert d'Filmer, do si mer beim siwenten Deel Harry Potter and the Deathly Hallows - Part 1.
De virleschten Deel vun der Harry Potter Serie ass e Broch mat de Strukture wéi se bis elo waren: Hogwarts bleift am Hannergrond, wärend den Harry, de Ron an d'Hermine als Flüchtlingen duerch eng bedreelech Welt zéien. D'Stëmmung vermëttelt Onsécherheet an Angscht, verstäerkt duerch dat permanent hin an hier wanderen. Gläichzäiteg ginn et awer och emotional Momenter déi d'Frëndschaft vun deenen dräi belaascht an awer och stäerkt.
D'Legend vun den Hellegtümer gëtt dem Film eng mythesch Déift an de Film hält op mat engem schwéiere Cliffhänger, deen d'Spannung an d'Finale iwwerdréit a gëtt esou zu enger intensiver Virbereedung op déi lescht grouss Schluecht.
De Marathon geet e Samschdeg um hallwer 10 Moies un an dauert bis e Sonndeg de Moien. Wärend dem Event ginn et och Erfrëschungspausen a Kaffi Moies.