Nodeems mir e Samschdeg gewuer gi sinn, dass een säin Smoothie fir moies éischter selwer mécht fir dass net ze vill Zocker dran ass, an och wäisst Brout vläicht net déi bescht Ënnerlag fir Nossnougatcrème ass, këmmert den Dr Marc Keipes aus dem GesondheetsZenter op der Gare sech elo ëm d'Owesiessen, a kuckt dass dat net ze schwéier ass fir nuets ze schlofen

Nëmmen aus dem gesonden Iessen dat eraussichen wat engem schmaacht, mee eben och gutt verdréit, well wann déi gesond Paprika déi ganz Nuecht mat engem schwätzt, da schléift een net grad sou gutt, oder wéi de Poet Heinrich Heine gemengt hat, 'Denk ich an die gesündeste Mahlzeit die ganze Nacht, dann bin ich um den Schlaf gebracht.' Also och wann engem d'Kéisfondue gutt schmaacht ass ze vill Fetteges oder Schwéieres net ideal fir eng gutt Hënt. D'Portiounsgréisst spillt natierlech eng Roll, dir kënnt Iech dat denken. Besser also net puppsat iessen.

Dr Marc Keipes - den ideale Menü fir owes

Awer och je nodeems wéi spéit een ësst, spillt eng Roll op een alles gutt verdaut.

Dorun versichen ech mech meeschtens ze halen, woubäi een dann d'Gefor leeft, dass een virum Bett zu engem Snack verfouert gëtt. Ofwiesslung ass wichteg, also net ëmmer déi selwecht Kuuscht mat deem selwechten Belag iessen. Iesst léiwer frësch, lokal wou et geet, saisonal. Am Beschten duerno entspanen, da schlof dir och besser, wéi no engem Tatort oder engem Bruce Willis Ballerfilm. Also lauschtert op äre Kierper. Wielt aus deene Routinnen hei, déi Iech gutt dinn, déi bescht eraus, da bleift dir gesond.

Dr Marc Keipes - den ideale Menü fir owes - spéit iessen