
© muntazar mansory/Pixabay
A ville Büro-Jobs sëtzt ee stonnelaang virum Computer. Moies bis Mëttes, kuerz Mëttespaus an duerno nach eng Kéier bis owes. Dat setzt net nëmmen der Konzentratioun zou, mee och dem Kierper: de Réck ass verspaant, d’Middegkeet kënnt, d’Konzentratioun léist no, an d’Léisung schéngt dacks just Koffein ze sinn. Dobäi gëtt et eng vill méi gesond Alternativ: d’Mikropaus. Wat dat genee ass, erkläert eis elo d’Céline Spithoven.
Mikropause si kleng Ënnerbriechungen am Alldag. Se daueren 30 Sekonnen oder och e puer Minutten. Eng grouss Meta-Analyse mat méi wéi zweedausend Participanten huet gewisen, dass dës kuerz Pausen e groussen Ënnerscheet maache kënnen. Et ass ee manner midd, et schafft ee méi konzentréiert an och de Kierper seet Merci.
A wat mécht een an dëse Pausen? Ma zum Beispill dem Kierper an den An e bëssen Ofwiesslung bidden. Also am Plaz op de Bildschierm, mol e bëssen aus der Fënster kucken. Opstoen an e bëssen trëppelen. Sech eppes ze drénke siche goen, bis eraus virun Dier goen oder awer de Réck an d’Nuque deenen. Dat eenzegt wat net erlaabt ass, ass an der Mikropaus seng E-Mailen ze checken oder vun engem Bildschierm eriwwer op den Handybildschierm ze wiesselen. Dat ass fir eist Gehier nämlech keng Paus.
Och soll ee mat de Mikropausen net ze laang waarden. Et ass besser all 30 bis 60 Minutten 2-3 Minutte Paus ze maachen, wéi réischt an der Mëttegstonn déi éischte Kéier duerchzeootmen, da sinn déi Mini-Pausen nämlech net méi effektiv.
Et bleift awer ee Problem: Och haut nach ass et net gär gesinn, wann een seng Aarbecht ënnerbrécht a sou ze soe spadséiere geet. An ech si mer sécher, fänkt een am Groussraumbüro bemol un seng Deenübungen ze maachen oder am Schneidersëtz ze meditéieren, loossen d’Blécker vun den Aarbechtskolleegen net laang op sech waarden.
D’Etüd weist awer, dass dëst positiv Effekter op d’Aarbechtsëmfeld huet an och deels op d’Produktivitéit, wat sech duerno jo rëm positiv op d’Aarbecht auswierkt. Domat also den indirekten Opruff un d’Virgesetzte Mikropausen aktiv ze ënnerstëtzen an domat hire Mataarbechter déi kleng Energieboosteren ze gënnen. Et ass nämlech am Groussen a Ganzen eng WinWin-Situatioun.