An dëser Phase vun der Saison geet et an der Formel 1 Schlag op Schlag. No Austin an den USA, wou et d'Victoire fir de Charles Leclerc an den Dubblée fir Ferrari gouf, ass d'Kinneksklass aus dem Automobilsport dëse Weekend a Mexiko. Beim Grousse Präis vu Mexiko-City spillt virun allem d'Héicht eng Roll, Franky Hippert:

25/10/2024 18h10 Formel 1 Virschau Mexiko-City

Lass geet et schonn den Owend a muer mat de fräien Trainingen online op rtl.lu an rtlplay. D'Qualifikatioun ass muer den Owend vun 11 Auer un dann och op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee. De Grousse Präis vun Mexiko-City geet 0e Sonndeg den Owend um 9 Auer lass. De Virprogramm bei de Kolleege vun der RTL Tëlee Lëtzebuerg fänkt um 1/4 op 8 un.