Wärend méi wéi 40 Joer huet de Raymond Bernard als Butler eng zentral Roll am Alldag vum groussherzoglechen Haff gespillt.

Säin éischte Kontakt mat der groussherzoglecher Famill, deemools mam Grand-Duc Jean an der Grande-Duchesse Charlotte, deen hat de Raymond Bernard eegener Ausso no guer net sou richteg matkritt. Am Laf vu sengem Liewen, virun allem a jonke Joren, wier hien ëmmer nees schwéier krank gewiescht an huet vill Zäit am Spidol musse verbréngen. Mol wier et rëm besser gaangen, mol hätt hien awer nees "Tiefen" gehat, déi en un d'Spidolsbett an der Sacré-coeur gebonnen hätten.

"Do ass da rëm eng Kéier sou een Dag komm fir mech, wou ech ëmmer méi schwaach gi sinn. Dat realiséiert Der net, bemol ass Iech dat och egal. An da steet de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse virun der. Dat war den éischte Kontakt. Ech ka mech och net méi sou ganz vill drun erënneren, mee da krut ech mol Knippercher an da sinn ech rëm eng Kéier an d'Klinik gaangen, da ware se rëm do. A wéi et fäerdeg war, hate mer Kontakt mateneen."

Vun deem Ament un ass de Raymond Bernard ëmmer nees op Schlass Bierg zu Colmer-Bierg invitéiert ginn, huet do als Jugendleche bei Evenementer ausgehollef, den Haff kennegeléiert a mat de Jore Kontakter geknäppt, och mat Kinnekshaiser uechter ganz Europa. Besonnesch gutt verstanen hätt hie sech beispillsweis mat der belscher Kinnigin Fabiola. Den nächste Schrëtt war et iergendwann, eng Butlerschoul ze besichen an d'Etikett ze léieren, dat och op Wonsch vun der deemoleger groussherzoglecher Koppel. Eng Butlerschoul wier dobäi net mat enger Hotelsschoul gläichzesetzen:

"Dat wat ech maachen, huet guer näischt mat der Hotelschoul ze dinn. An der Hotelschoul gëtt een zum Beispill geléiert, e Plateau ze droen. Bei mir, wann ee Butler ass, geet dat Plateau-droe méi wäit: Meng Leit, déi bei mir an der Ekipp sinn, waren, déi gi geléiert, de Plateau richteg ze riichten, dass wa mol ee widder Iech stéisst, net grad eppes ëmfält. A wat wichteg ass: wéi hält een en? Wéi hält een e laang? Wéi geet een domat? Wéi geet een domat d'Trapen erop, d'Trapen erof? (...) Wéi kënnt ee gutt iwwer d'Ronnen, fir net ze falen, auszerutschen, de Plateau kippen ze loossen, wéi dat scho mol déi leschten Zäit geschitt ass zu Lëtzebuerg, dass dann einfach een da mam Plateau d'Trapen eroffält an d'Leit. Dat muss ee léieren, dat kritt Der an der Hotelsschoul net gewisen."

Generell wier fir den Job vum Butler vill Improvisatioun, Spontanitéit a virun allem Stressresistenz gefrot, eppes wat een a kenger Schoul léiere kéint. Wéi wichteg dat ass, erkläert mir de Raymond Bernard unhand vun enger Anekdot vun der Prënzenhochzäit:

Sonndesinterview mam Raymond Bernard
De Raymond Bernard iwwer d'Wichtegkeet vu Spontanitéit a Stressresistenz am Job vum Butler.

Dacks gëtt de Butler fälschlecherweis och gläichgestallt mam Valet oder dem sougenannte Majordome. Ma och hei preziséiert de Raymond Bernard d'Ënnerscheeder:

"De Butler huet ëmmer seng Funktiounen. Et gëtt de Butler, et gëtt e Majordome, et gëtt e Valet. De Butler, au sens large, huet e méi grousse Range. En organiséiert och nach Eventer, also mécht dee ganze Ronderëm, wat anerer am Fong op verschidde Leit opdeelen".

An deem Sënn huet de Raymond Bernard um groussherzoglechen Haff och d'Roll vun engem Eventmanager an Organisateur iwwerholl, deen Evenementer plangt, ma och déi verschidde Servicer um Haff mateneen ofstëmmt a koordinéiert.

"Allgemeng gëtt de Mënsch net méi wéi fréier eng gewëssen Etikett geléiert"

Dat wuel wichtegst Element, dat den Alldag vum Haffpersonal, ma och der groussherzoglecher Famill am meeschte bestëmmt, ass d'Etikett. Och wann déi korrekt Ëmgangsformen eppes sinn, wat ee sech iwwer d'Jore réischt uneegent an och verschidde Royals selwer net zu 100 Prozent beherrschen, missten e puer vun de Grondreegele schonn doheem vun den Eltere bäibruecht ginn, fënnt den Ex-Haff-Butler, dee bedauert, datt d'Etikett hautdesdaags an der Gesellschaft ëmmer méi u Bedeitung verléiert. D'Etikett wier iwwerdeems näischt, wat nëmme fir Membere vu Kinnekshaiser gëlle sollt: All Mënsch misst déi gewësse "Basics" geléiert kréien, net just, wann een eng Hotelsschoul besicht oder de Grand-Duc trëfft.

"Allgemeng gëtt de Mënsch net méi wéi fréier eng gewëssen Etikett geléiert. Wann ee Moie seet, huet ee keng Hand an der Täsch. Wann der Moie sot, kuckt der een an d'Aen. Dir dréint Iech net op eng Kamera, Dir rennt och net. Dir dot Iech och deementspriechend gutt un (...) Dat si Saachen, déi brauch ee sech u sech net léieren ze loossen. Do kann een och selwer drop kommen."

De Raymond Bernard selwer krut e groussen Deel vun der Etikett vum Grand-Duc Jean perséinlech bäibruecht. Op ënner anerem dem verstuerwene Groussherzog säi Wonsch hin, huet hien och wärend iwwer 30 Joer e Buch geschriwwen, dat déi wichtegst Reegelen, wat Etikett ugeet, zesummefaasst. Mat dësem Buch gëtt de Raymond Bernard iwwregens och haut nach Kueren, fir Leit, déi an de Beruff vum Butler eraklamme wëllen. E Bedeitungsverloscht vun der Etikett um groussherzoglechen Haff, gesäit de Mann, deen iwwer 45 Joer an hirem Déngscht war, allerdéngs net, och wann den zukünftege Groussherzog Guillaume "vill méi locker vum Hocker" wier, wéi seng Virgänger.

Sonndesinterview mam Raymond Bernard
De fréiere Butler iwwer d'Bedeitung vun der Etikett an der groussherzoglecher Famill an den Ënnerscheed tëschent dem Grand-Duc Jean an dem Grand-Duc Henri.

"Si [d'Membere vun der groussherzoglecher Famill] hunn duerch déi Aart a Weis wéi si liewen, erzu gi sinn an de Kreesser, wou si sech behuelen, geléiert, dass d'Etikett dat wichtegst am Liewe fir jiddwereen op der ganzer Welt ass. (...) Beim Prënz Guillaume ass se mindestens grad sou wichteg, wéi bei all senge Virgänger. Dat ass dat wichtegst. Wat hien am Virdeel huet, dat ass: hie kennt déi modern Welt."

De Sënn fir d'Etikett wier an der groussherzoglecher Famill schonn ëmmer immens ausgepräägt gewiescht. Esouguer am internationale Vergläich, fënnt de Raymond Bernard, deen iwwer d'Jore Kinnekshaiser op der ganzer Welt kennegeléiert huet, datt d'Lëtzebuerger Monarchie an deem Kontext erausstécht. Ee Member ganz besonnesch:

"Seng Altesse, de Grand-Duc Henri ass bekannt als een Här, wou d'Etikett, net honnertprozenteg, mee bal kee besser ka beherrsche wéi hien. (...) Dir kënnt soen, wat Der wëllt: Sou wéi de Grand-Duc Jean, och de Grand-Duc Henri: Dir gesitt en ni, dass en net perfekt ass."

"Ech war ëmmer e Fan vun der Grande-Duchesse Maria-Teresa"

E Bedeitungsverloscht vun der Etikett um groussherzoglechen Haff erwaart de Raymond Bernard also net, mee méiglecherweis eng Verännerung am Ëmgang ënnerteneen. Net just dem Guillaume seng méi locker Aart a Weis géif drop hindeiten, och scho wéi d'Grande-Duchesse Maria Teresa op den Haff koum, hätt de Raymond Bernard eng Verännerung gespuert:

"Ech war ëmmer e Fan vun der Grande-Duchesse Maria Teresa. Hiert Laachen, wéi si sech beholl huet, si hat iergendwéi ëmmer eppes ganz Häerzleches un hir. Eppes wat ech, bis si komm ass, guer net sou richteg kannt hunn. An deene Famille ware se ëmmer fein, se ware léif, se ware ganz korrekt, mee ech hunn ni esou déi Wäermt gespuert."

Un ee Moment mat der Groussherzogin erënnert hie sech ganz besonnesch gär zeréck. Fir en Event, bei deem Prënze vu Kinnekshaiser aus der ganzer Welt op Lëtzebuerg gereest sinn, hat de Raymond Bernard, deen deen Owend de Service maache sollt, wéinst sengem zu deem Zäitpunkt schwéiere gesondheetlechen Zoustand e spezielle Wonsch un d'Maria Teresa. Dëse Wonsch sollt spéider en Impakt hunn, deen en esou wuel net erwaart hat:

"Ech wollt am Fong net gären ouni meng Fra dohinner goen. An d'Grande-Duchesse Maria Teresa huet gesot: 'Kee Probleem, Är Fra ka matkommen.' Vun deem Dag u si Fraen um Haff als Valet mat zerwéiere gaangen. Virdru waren et nëmme Männer. Dat hätt ech mech net getraut ze froe beim Grand-Duc Jean."

RTL

De Raymond Bernard a seng Fra um Prënzenevenement um Schlass Bierg

"Fir mech muss den neie Grand-Duc rëm vill méi reservéiert ginn"

Mat Bléck op den Trounwiessel an d'Zukunft vun der Monarchie am Land ass et vum Raymond Bernard de Rot zu méi Diskretioun säitens dem zukünftege Grand-Duc Guillaume. Seng Decisioun, Schlass Bierg net als Wunnsëtz ze notzen, wier luewenswäert, mee fir déi geplangte Festivitéite fir de Weekend vum Trounwiessel fënnt de fréiere Butler vun der Cour Grand-Ducale däitlech Wierder

"Wat fir mech beim Prënz Guillaume, wann e Grand-Duc gëtt, wichteg ass, ass net, dee Feeler weiderzeféieren, dee se lo amgaange sinn ze maachen. De Feeler, deen de Moment ass: Lo kréie mer en neie Grand-Duc, lo komme Festivitéiten. Wann ech gesinn, vis-a-vis vun de Festivitéite vum Grand-Duc Henri, explodéiert déi Festivitéit. Concerten, dee kënnt, deen hei kënnt...Dat kascht vill Suen. Wann ech da kucken, dass e Waringo-Rapport geschriwwe gëtt, wou den Daum drop gemaach gëtt op d'Monarchie: 'se ginn ze vill Suen aus' an 'dat ass ze deier' a se kréien de Budget erofgesat, da w.e.g.: Dann organiséiert keng Superlativ fir deen neie Grand-Duc. Well dat ass e Bumerang, dat schléit eng Kéier zeréck." 


Elo scho wier d'Monarchie zu Lëtzebuerg op kenger gudder Schinn an hiert Ugesi wier iwwer d'Joren enorm zeréckgaangen. Och déi grouss Receptioune vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa zu Colmer-Bierg wieren aus Siicht vum Raymond Bernard "de gréisste Feeler, deen d'Monarchie gemaach huet", well se Spekulatiounen iwwert de finanzielle Volet vum Haff erméiglecht hätten. Eppes, wat déi viregt groussherzoglech Koppel Jean a Charlotte ëmmer evitéiert hätt, andeems se de privaten an haisleche Charakter vu Schlass Bierg méi zum Ausdrock bruecht hätt. "Et soll een opmaachen, mee et soll een net ze vill opmaachen", sou de Raymond Bernard, aus deem senger Vue "den neie Grand-Duc rëm vill méi reservéiert" muss ginn.