An eng Zäit andauchen, déi et sou ni gouf. Dat ass de Steampunk am Minettpark zu Nidderkuer.

Fir d'13.Kéier gëtt am Fond-de-Gras de Steampunk organiséiert. Et ass dat leschte grousst Event fir dës Saison am Minettpark. Et geet zréck an d'Zäit vun ënner anerem engem Jules Verne. Vreckte Kleeder, geckeg Erfindungen. Der Fantasie an der Kreativitéit vun de Leit si keng Grenze gesat. Mam Train 1900 kënnt ee vu Péiteng aus op de Site. Eng Busnavette ass och virgesinn. An och mat der Minièresbunn kann een en Tour maachen. 
 
Um Sonndeg kann ee vu moies 11 bis owes 18 Auer e puer flotter Stonnen am Fond-de-Gras beim Steampunk erliewen.