
© RTL
Am drëtten an leschten Deel vum Podcast Drëtt Hallschent mam Bob Melcher geet et haut ëm de Schratt an d'Ausland. De Basketspiller vu Steesel ass ee vun deene Beschten déi di lescht 30 Joer hei am Land gespillt hunn, hien huet allerdéngs ni de Schratt als Profi probéiert. Op der enger Säit wollt hien an sengem Ëmfeld mat Famill a Frënn bleiwen an op der aner Säit huet och d'Hygiene de Vie net grad bei ee Profisportler gepasst, sou de Bob Melcher am Gespréich mam Jeff Kettenmeyer.
11/10/2024 CUT 10h40 Podcast Drëtt Hallschent Bob Melcher
Am meeschte gelies