D’FLF Selektioun spillt jo vu 6 Auer un hiren 3. Nations League Match an dat zu Plovdiv an Bulgarien.
Mat 0 Punkten no 2 Matcher erwaart een sech fir déi 2 Matcher, deen haut géint Bulgarien an en Dënschdeg géint Belarus, eng Reaktioun.
De Serge Olmo fillt de Bols virun den 2 wichtegen Dueller. Natierlech ass bei Spiller a Staff de Fokus op de Bulgarien Match.
De 6. Sptember 2016 haten d’Rout Léiwen am leschten Auswäertsmatch géint Bulgarien knapp an onglécklech mat 3:4 verluer. Den decisive Gol war quasi an der leschter Sekonn gefall. Den FLF President Paul Philipp géif gären e puer Joren dono wëllen e positiivt Resultat mat heem huelen..
"Ech mengen Revanche wier elo iwwerdriwwen well mir spillen jo awer a Bulgarien wat jo an der Zäit eng richteg gutt Fussballnatioun war a mir kënnen net einfach dohinner goen a wëllen eng Revanche huelen."
De Kapitän Laurent Jans vun de Roude Léiwen Laurent ass no de leschten Deeg bei der Ekipp zouversiichtlech fir op mannst engem Punkt an de Wallissen a Richtung Ungarn ze fléien.
"Natierlech mussen virun allem d'Basics an dat Kämpfen an Lafen do sinn soss gëtt géint all Géigner schwéier. Dat wëlle mir nees op den Terrain bréngen. Vläicht e bëssen méi fir datt mir eis iwwer déi Saachen an de Match era kämpfen. Mir si gutt preparéiert a probéieren natierlech elo esou gutt wéi méiglech Punkten ze huelen."
Den Nationaltrainer Luc Holtz war selwer iwwerrascht datt et déi 2 éischt Matcher vun der Nations League esou enttäuschend gelaf waren.
"Mir musse virun allem um Niveau vum Mindset anescht optrieden. Mir hu vill op de Ballbesëtz gespillt. Et muss een déi Momenter erkennen wou ee muss vertikal spillen an dat hate mir net gemaach. Mir hunn am Mount September vill Saachen net gutt gemaach wat mir virdru besser gemaach haten wou et och zum Deel Grënn dofir gëtt."
Nieft dem Nationaltrainer war de Mica Pinto, deen a Bulgarien spillt, gëschter op der Pressekonferenz. Hie fillt sech wuel obwuel hien eréischt kuerz hei ass.
"Ech hu virun 2 Wochen géint den Trainer vu Bulgarien gespillt. Hien ass den Trainer zu Cherno More an ech hunn e bëssen erlieift wat ech mir och muer erwaarden an zwar eng Ekipp déi physesch richteg staark ass; déi am Mentalitéitsberäich richteg topp ass. Dofir hunn ech och dem Luc déi Informatioune ginn."
De Wuess vum Hrsito Botev Stadion ass an engem ganz schlechten Zoustand. Warscheinlech wäert de Stadion mat ronn 19 000 Spectateuren ausverkaf sinn. Wéi gewinnt kënnt dir bei eis um RTL Zwee, um Radio an um Internet d’Partie Bulgarien géint Lëtzebuerg suivéieren.