
Egal ob Grousse Formel-1-Weekend oder bei klenge privat Coursen, esou genannte Pit Marshals ginn an der Boxegaass ëmmer gebraucht. Hir Haaptprioritéit: alles a jiddereen am A behalen, esou déi Lëtzebuergesch Pit Marshal, Jo-Anne Schreiner.
Keen ass do, wou en net soll, kee fëmmt. Mir kucken, datt sech un d'Reegele gehale gëtt. Mir kënnen déi Béis sinn a firwat een eng Strof ka kréien.
Fir kënne Pit Marshal ze ginn, muss eng Lizenz ugefrot ginn an duerno geet et fir ee Joer an de Stage. Hei hält e sech awer éischter nach zeréck a kuckt deenen experimentéiere Pit Marshals iwwert Schëller, dernieft ginn et dann och nach Briefingen, un deenen een Deel muss huelen. Et ginn zwou verschidde Lizenzen: Stagiaire a Profi. Mat der éischter kann een och net all Course maachen, erkläert de Pit Marshal Paul Appleyard.
Net Formel 1, muss een als éischt eng Rëtsch aner Course maachen, ier ee Formel 1 maachen dierf, mee dat ass och egal wéi eng Course ee mécht.
Spa ass hir Heemechtsstréck. Déi zwee Lëtzebuerger Pit Marshal si schonn zanter 3 Joer aktiv dobäi. Dofir kënne si och op engem Formel-1-Weekend schaffen. Net all Kategorie ass d’selwecht. D’Course si mol méi, mol manner interessant. D’Formel 1 ass net onbedéngt déi, déi fir d’Jo-Anne Schreiner am meeschten eraus stécht.
Wéi interessant déi aner sinn, bal méi interessant. All Course ass anescht, Atmosphären och vun der Gréisst vun de Leit. Heiansdo sinn et déi kleng Coursen, déi méi Spaass maachen.
Mee och wann d’Coursen interessant sinn, ass et wichteg, fir d’Pit Marshals konzentréiert ze bleiwen, well si musse wärend der ganzer Course net nëmmen den Auto am Bléck behalen, mä dat ganz Team, dat dru schafft, an d’Incidente mellen.
Mir hunn dann e Blat, wou mir alles opschreiwe mussen. Wéi: Auto Nummer, Auerzäit, wat geschitt ass. Dat ass bei alles. Ee Mecanicien mat engem Probleem vun der Schutzkleedung oder Feeler bei engem Pit Stop. All Course kréie mir en déckt Dokument mat all de Regulatiounen.
Op enger Course kritt ee Pit Marshal eng oder méi Boxen zougeschriwwen. D’Unzuel u Garagen, op déi een oppasse muss, hänkt och vun der Kategorie of.
Bei der Formel 1 huet ee säi Pilot. Bei de 24 Stonnen huet ee 5-6 Boxen. Dat ka stresseg ginn, wann et Ree gëtt a se alleguer beieneen zesummen erakommen. Dat ass individuell vu Course zu Course.
Den Sebstian Vettel war dem Jo-Anne an de Paul hir Montivatioun fir Pit Marshal ze ginn, elo interesséiere si sech awer och nach fir aner Kategorien a Piloten.
Um Site vun RACB fënnt ee weider Informatiounen, wat een alles brauch, fir eng belsch Pit Marshal Lizenz unzefroen.