
D'Handball – Aktualitéit war gëschter gutt gefëllt . Bei den Hären war d'Spëtzepartie Red-Boys géint Diddeleng, den HC Bierchem war an der Coupe d'Europe am Asaz an d'Lëtzebuerger Dammen – Nationalequipe spillt an Italien e Qualifikatiounstournoi fir d'WM 2025. Detailer a Reaktioun mam Gilles Tricca
An der Spetzepartie vum 8 Spilldag bei den Herren klappt d'Redboys den HBD in extremis mat 26-25. Et war net nëmme spannend mee och vun der éischter Minutt aus un richteg intensiv mam besseren Enn fir d'Jongen vum Nicola Malesevic.
CUT
Di Diddelenger waren natirlech no der Partie enttäuscht well och fir Sie wär eng Victoire méiglech gewiecht. Et huet dem HBD e bessi un Erfahrung gefeelt. Den Aldin Zekan
CUT
An der anerer Partie vum Owend huet Dikrech sech och knapp mat 25-24 géint Remeleng behapt
Am European EHF Cup huet Bierchem grad wéi am Aller-Match sech muss geschloen ginn .Virun eegenem Public gouf et awer eng mi knapp Néierlag. Um Enn gewënnt Partizan Belgrad mat 27-22.
Fir de Ben Weyer a Co ass d'Aventure Coupe d'Europe wuel eriwwer an awer ass vill positives wat hänke bleift
CUT
Esch spillt den Owend um 6 Auer säi Retour -Match géint HC Motor aus der Ukraine a muss e 6 Goaler Réckstand ophuelen
Zu Chieti an Italien gouf et fir d'FLH Selektioun eng 21-33 Néierlag géint Bulgarien . An der Paus waren Dammen vum Mich Scheuren schonn 6 Goaler hannen. De Nationaltrainer huet dës Analyse nom 1te Rendez-vous gemach
CUT
Herno um 6 Auer geet et dann géint Italien