Déi Lëtzebuerger Dammen Handball Nationalekipp hat de Weekend an Italien d'WM Qualifikatioun gespillt.
Et war gehofft ginn eventuell géint Bulgarien ze punkten mee et sinn zwou däitlech Defaiten eraus gesprongen. De grousse Favorit Italien huet no zwou Victoiren den Minitournoi gewonnen.
De Serge Olmo geet op déi enttäuschend Qualifikatioun an.

29/10/2024 18h40 Bilan Dammen FLH

Et war net mat de beschten Virzeechen ugaangen well de Co-Tainer vum Nationaltrainer Mich Scheuren an zwar den Erny Hoffmann sech aus perséinleche Grënn kuerz viru der Rees an Italien zréck gezunn huet.
D'Valérie Gomes ass blesséiert, 2-3 Spillerinnen hu wéinst Studien misste passen mee de Kader huet sech zimmlech gutt unhéieren.
De Mich Scheuren, deen och Trainer zu Déifferdeng ass, hat 7 Diddelenger selektionéiert a 5 Déifferdenger Spillerinnen. Dat waren déi 2 haapt Bléck. Fir den Trainer sinn all déi eenzel Selektiounen komplett justifizéiert.
Déi grouss Enttäuschung war e Samschdeg géint Bulgarien well een un Victoire gegleeft hat. Mat 12 Goler Ënnerscheet ze verléieren dat ass schwéier ze verdauen. Och de Staff war vun der Astellung iwwer verschidden Strecken am Match richteg enttäuscht.
D'Astellung war géint Italien däitlech besser och wann et eng Defaite mat 19 Goler Ecart gouf wat richteg richteg vill ass.
Haaptsächlech waren do 29 "Pertes de Balles" den haapt Probleem.
D'Joy Wirtz hat am éischte Match besonnesch defensiv Aufgaben. Am 2. Match huet déi Diddelenger Spillerinn 7 Mol markéiert. Wisou war hat net schonn an der éischter Partie fir den Ugrëff virgesinn? De Nationaltrainer Scheuren.
Cut Scheuren
Well hat am Veräin bis elo nach net esou vill an der Attack konnt leeschten wéi dat wat mir gewinnt sinn vun deene Joren virdrun. Et muss ee bedenken datt hat 1 Joer Babypaus hat mee hat huet eis gehollef op der Hallwer an hat huet eis och gehollef um Pivot.
Den Nationaltrainer weess firwat et de Moment schwéier ass europäesch besser Resultater eraus ze schloen. Et sinn 10 Veräiner déi Dammenhandball ubidden.
Cut Scheuren 2
Mir hunn eng Liga wou uewen e bësse Gerangel ass tëscht 3, 4 vläicht och 5 Veräiner an da geet och schonn béis erof mat allem Respekt fir d'Ekippen do mee fir dorausser Internationaler ze schöpfen ass schonn awer e bëssen abenteuerlech.
Et sinn awer vill Atouten am Lëtzebuerger Dammenhandall an et goufen och Progrèsen gemaach och wann et de Weekend eng Enttäuschung gouf. Wat sinn laut Mich Scheuren Pisten fir Schrëtt no vir ze maachen?
Cut Scheuren 3
Wichteg ass datt mir mat de Veräiner an d'Coupe d'Europe ginn, dat schuet näischt. Menger Meenung no musse mir mëttelfristeg awer kucken mat de Belsch eng Liga ze bilden wéi mir fréier d'Beneluxliga haten. Ech mengen d'Hollänner sinn eis ze staark.
D'Championnat soll jo no der Reform och méi Intensitéit kréien.
Wéi et elo punkto internationale Vergläicher weider geet a wat konkret déi nächst Rendezvousen fir d'Rout Léiwinne sinn ass de Moment nach net kloer.