
E Samschdeg den 9. November ass am Rehazenter um Kierchbierg de Paralympic Day. Um 10 Auer fänken déi verschidden Demonstratiounen an Atelieren un. D'Jana Peters huet mam Mathis Finke vum Luxembourg Paralympic Commitee iwwert de Programm vum Dag geschwat.
08/11/2024 Para Days 09h40 Jana Peters
Fir d'véierte Kéier organiséiert den LPC de Paralympic Day.
Deen Dag kann ee verschidde Sportaarten kenneléieren an ausprobéieren. Besonnesch wichteg, ass et den Organisateuren, de Leit déi paralympesch Wäerter méi no ze bréngen. Nieft engem Bocciaturnéier steet eng Erzielronn iwwert d'Paralympics zu Paräis um Programm.
Weider Informatiounen zu dësem Evenement an de geneeë Programm fannt dir um Site
Am meeschte gelies