
Gëschter goufen am Palais des Congrès zu Paräis d'Parcourse vum Tour de France 2025 vun den Dammen an vun den Häre presentéiert. Erausstécht ënnert anerem d'Arrivée op der 16. Etapp um Mont Ventoux bei den Hären oder de Passage um Col de la Madeleine bei Dammen. De Sam Rickal huet sech déi zwee Parcourse méi genau ugekuckt.
30102024 18h40 Presentatioun TdF (Sam Rickal)
D'Arrivée um leschten Dag vum Tour de France Femmes ass iwwregens zu Châtel les Portes du Soleil, do wou de Bob Jungels am Joer 2022 déi 9. Etapp vum Tour de France bei den Häre gewonnen hat. All Detailer iwwert de Parcours vun der Grande-Boucle vun den Hären an den Damme fannt dir op RTL.lu.
Am meeschte gelies