
An der virgezunner Partie vum 12. Spilldag hunn d'Union Titus Péiteng an den F91 Diddeleng mat 2:2 gedeelt.
D'Lokalekipp Péiteng war 2 Mol am Avantage an 2 Mol sinn déi Diddelenger zréck komm.
Allgemeng geet de Remis an d'Rei Serge Olmo.
D'Union Titus Péiteng war bis d'Paus déi besser Ekipp a war verdéngt 1:0 vir. De Belmin Muratovic hat an der 43. Minutt markéiert.
Diddeleng hat bis dohinn enttäuscht.
Den F91Trainer Marco Martino huet eng Erklärung fir déi schwaach éischt Halbzeit.
Cut Marco Martino
Ech mengen datt sin d'Ekippen aus dem Mëttelfeld déi kompakt stinn, déi dat gutt maachen an op all Ballverloscht laueren. Et si ganz vill Konter Aktiounen fir déi Ekippen wa mir net eise beschten Dag hunn. Et war en Dag wou mir ganz vill Feelpassen haten déi éischt Halbzeit. Ech erkläre mir et ganz einfach datt mir net präzis genuch waren.
An der Paus huet den F91 säin éischter Goalkeeper Didier Desprez verletzt missten auswiesselen. Den Enzo Esposito ass fir de blesséierten Desprez op den Terrain komm wat net evident ass.
Cut Enzo Esposito
An engem Match eran ze kommen ass ni einfach fir e Goalkeeper obwuel hien muss prett sinn wann den éischter Goalkeeper sech verletzt. De Didier hat scho bei waarm maachen an an der Woch e klengen Pepin. Hien hat mech e bësse virgewarnt esou datt ech mech mental e bësse virbereede konnt.
Diddeleng hat 3 Minutte nom Säitewiessel markéiert mam Miguel Fernandes Goncalves.
De Match war intressant. Péiteng krut en 11 Meter accordéiert wat streng war. De Kai Maerk konnt no 57 Minutten verwandelen.
Den agewiesselten Kipper Esposito hat bal gehalen.
Nees konnt den F91 sech eru kämpfen, dëst an der 65. Minutt mam Kapitän Samir Hadji.
Déi Péitenger ware no der schroer Verletzung vum Jérémy Mawatu vun der 82. Minutt un an Ënnerzuel well dee Moment net méi konnt ausgewiesselt ginn well si schonn 3 Bléck haten wou si ausgewiesselt haten.
An der Nospillzäit krut den Diddelenger Kapitän Samir Hadji giel/rout
Nodeem déi éischt Halbzeit deenen Péitenger gehéiert hat an an der 2. Halbzeit den F91 manner Feeler gemaach huet a vill méi aktiv war kann de Péitenger Trainer Filipe Ribeiro mam 2:2 Remis liewen besonnesch well seng Ekipp eng Zäitchen an Ënnerzuel waren.
Cut Filipe RibeiroEt kann op hir Säit oder op eis Säit falen. Ech si ganz houfreg op d'Aarbecht vun de Spiller well mir géint en Titelkandidat gespillt hunn. Mir hunn de Match mat Courage a vill Perséinlechkeet gemaach a mat enger gudder Identitéit. Dat ass eis Aarbecht an domadder fuere mir weider op eisem Wee.
Diddeleng bleift nom Remis op der 3. Plaz am Klassement. Déifferdeng an Hesper stinn op de Plazen 1 an 2.
D'Union Titus Péiteng steet elo op der 8. Plaz.