
Gëschter Owend huet an der EM Qualifikatioun déi Lëtzebuerger Handball Nationalekipp mat 25:35 géint Kroatien verluer.
An der Paus waren d'Gäscht schonn 10 Goler vir wat heescht datt d'Rout Léiwen géint d'Weltklassenselektioun nom Säitewiessel ganz gutt dowidder gehalen hunn.
Resumé a Reaktiounen Serge Olmo.
De Gymnase vun der Coque war mat ronn 1400 Spectateuren ausverkaf.
An der 14. Minutt waren d'Rout Léiwen ganz knapp 4:5 hannen. Dono ass et bis Paus manner gutt gelaf.
No 23 Minutten krut de jonken Sam Richard rout wat besonnesch um defensive Plang e Problem war.
D'Säite goufe mat 19:9 zu Gonschte vum Favorit gewiesselt.
De Kapitän vun er FLH Selektioun Ben Weyer ass sech bewosst datt all klenge Feeler géint esou e Géigner bestrooft gëtt.
Cut Ben Weyer
Et war phaseweis ganz gudden Handball vun eis. Et war eben déi eng Phas an der éischter Halbzeit wou si den Ecart gemaach hunn wou mir technesch Feeler gemaach hunn géint Kroatien an déi verzeien dat natierlech net.
Ganz negativ war am Ufank vun der 2. Halbzeit déi schro Verletzung déi sech den Yann Hoffmann un der Achillesseen zougezunn huet.
D'Kolleegen vum Hoffmann hunn um spillereschen a kämpfereschen Plang gutt matgehalen nom Säitewiessel wat dem Dagur Sigurdsson Trainer vu Kroatien besonnesch kuerz no der Paus guer net gefall huet. Den Islänner Sigourdsson, deen am Joer 2015 als weltbeschten Trainer ernannt gouf, war schlussendlech nom Match awer net onzefridden mat der Manéier .
Cut Dagur Sigurdsson
Ech gesinn dat esou datt méi ze fréi de Fouss vum Gas geholl hunn. Mir hätten déi 2. Halbzeit méi Drock misste maachen. Mee awer, mir hu mat 10 Goler gewonnen an dat ass souverän.
Déi vill Spectateuren hunn deemno eng serréiert 2. Halbzeit erlieft géint eng Kroatesch Ekipp wou d'Handballikon Domagoj Duvnjak net mat um Bou war.
An der Paus 10 Goler hannen ze sinn an zum Schluss och, dat schwätzt jo awer fir richteg intressant lescht 30 Minutten. Den Tom Krier.
Cut Tom Krier
Et war e flotte Match mir hunn d'Saachen nach gutt geréiert. Mir hu 25 Goler geschoss wat géint esou e Géigner zimmlech gutt ass well si meeschtens staark Verteidegungen an gutt Goalkeeper hunn. Ech sinn zefridde mat der Leeschtung vu jidderengem an ech fannen datt mir géint esou eng Natioun eis gutt presentéiert hunn.
Déi meescht Goler fir Lëtzebuerg hat den Diddelenger Ojié Etute markéiert an zwar 5. D'Rout Léiwen hunn als richteg Unitéit dowidder gehalen géint den ex Weltmeeschter an aktuell Nummer 9 an Europa wat dem Trainer Maik Handschke dierft gefall hunn.
Cut Maik Handschke
Géint esou eng Ekipp ze spillen do kann een nëmme léieren. Dat gëllt grad fir eis jonk Spiller. Dowéinst hunn ech och jiddereen agewiesselt. Dat ass immens, si schwätzen nach a 5/6 Joer driwwer datt si géint Kroatien e Gol geschoss hunn oder eng gutt Aktioun an der Defense fäerdeg bruecht hunn. Ech kennen dat aus menger eegener Erfarung. Bei esou Matcher léiert een am Meeschten an déi Matcher bleiwe bei de Jongen an der Erënnerung.
Déi nächst Rendez-vousen fir d'Rout Léiwen sinn am Mäerz géint d'Belsch an do geet et ëm ganz wichteg Punkten am Klassement.
Kroatien konnt domadder bis elo wéi erwaart déi 2 éischt Matcher vun der Qualifikatioun gewannen. Lëtzebuerg hat e Mëttwoch an Tschechien verluer an deemno och elo géint Kroatien. Dat war erwaart géint déi 2 Favoritten vum Grupp.