Den Owend spillt vu véierel vir 9 un déi Lëtzebuerger Nationalekipp hir 2. lescht Partie am Kader vun der Nations League. De Géigner heescht Bulgarien. Gëschter koum d'Noriicht datt de Leandro Barreiro den Owend net spillt well säi Veräin Benfica Lissabon him, no senger Verletzung, nach net den Accord ginn huet. E puer Deeg virdru goufen d'Absence vu Maxime Chanot an Anthony Moris confirméiert.
Am Aller-Match virun engem gudde Mount gouf et en 0:0. Et wier ganz wichteg den Owend ze gewanne fir Bulgarien am Klassement z'iwwerhuelen, Serge Olmo.

15/11/2024 Football: Virum Match mat Bulgarien

De Problem an dëser Qualifikatioun ass zu engem groussen Deel, datt een d'Golchancen net a Goler ëmmënzt.
Et gouf an de 4 Matcher bis elo just 1 Mol markéiert an dat war nach en 11 Meeter. Dat geet net duer. Eng Erklärung ka sinn datt wichteg Offensivleit wéi den Yvandro Borges an den Vincent Thill blesséiert gefeelt hunn an nach ëmmer wäerte feelen.
D'Situatioun ronderëm de Gerson Rodrigues schéngt nach ëmmer calme ze sinn a laut Luc Holtz ass de Buteur ëmmer besser a Form.
Um defensive Plang schéngt d'Stabilitéit ginn ze sinn, obwuel et jo déi lescht Deeg ganz vill Diskussioun ronderëm de 34 Joer alen Defenseur Maxime Chanot goufen. Fir den Trainer huet dat d'Ekipp op jiddefalls net aus dem Konzept bruecht, de Luc Holtz.

Luc Holtz
Wann ech mech lo wëll op Statistike beruffen oder wat och ëmmer, dëst Kalennerjoer hu mer aacht Lännermatcher gespillt, mer hunn der dräi net verluer, respektiv hunn ee Match gewonnen an zwee gläich gespillt, an hie war dräi Mol net dobäi also vun dohier, wann ech lo géif no där Reegel goen, da wär et jo einfach. Mee Fussball fonctionéiert net ëmmer esou. De Seid Korac an den Dirk Carlson hunn déi zwee lescht Matcher hir Saach méi wéi gutt gemaach. Am Fussball kommen Momenter, wou deen ee Spiller muss goen a wou d'Chance ass fir en neie Spiller fir ze kommen. Dat ass esou, dat war esou an dat bleift och an d'Zukunft esou.

Dat grousst d'Zil ass et net an d'Play-Offs ze kommen am Mäerz 2026 fir eventuell an d'League D mussen of ze steigen. Deemno wier haut eng Victoire en seriöe Schratt an déi Richtung wat de Luc Holtz a seng Spiller natierlech verënnerlecht hunn.

Luc Holtz
Ma mat Sécherheet brauch een e laangen Otem. Wann een e bëssen d'Resultater vun de Bulgaren kuckt, ech klammeren elo emol de leschte Match an Nordirland aus, wou se fënnef Stéck geschoss kruten, krute si ganz, ganz wéineg Goler geschoss, notamment aus dem Feld eraus. Déi Goler déi si kruten, waren op Standards. Vill Golchancen denken ech, grad sou gutt déi eng Säit wéi déi aner Säit, wann een och de Match vun dohanne kuckt, ginn et net.

Den Dirk Carlson ass déi lescht Zäit zu engem 100% Titulär ginn a wäert den Owend méi wéi sécher seng 60. Selektioun feieren. Als Defenseur ass hien iwwerzeegt datt hie mat senge Kolleegen wéineg wäert zouloossen. Wéi all d'Frënn vun der Nationalekipp waart hien datt endlech de Knuet um offensive Plang platzt.

Dirk Carlson
Mir wëssen, dass d'Situatioun net déi bescht ass, mee, dass näischt vun der Onméiglechkeet wéi gesot an dass nach ëmmer Nations League. Mir hunn performt, dass net datt mer déi lescht Matcher all aacht Null verluer hätten, mee mer hunn jo awer och Leeschtung bruecht, zemools wat dat defensiv ugeet an wa mer och mol eng Kéier 1:0 a Féierung sollte goen, dat wäert der scho gutt doen.

Gëschter wollt de Nationaltrainer net Präis ginn wien fir de blesséierten Goalkeeper Anthony Moris tëscht de Pottoen géif stoen. De Lucas Fox gouf jo no nominéiert mee d'Decisioun wäert falen tëscht dem erfueren Ralph Schon an dem jonken Tiago Pereira Cardoso.

D'Rout Léiwe sinn den Ament op der 4. an deemno leschter Plaz am Klassement mat 2 Punkten. Bulgarien ass op der 3. Plaz mat 5 Punkten.
Wéi gewinnt kënnt dir bei eis den Owend um RTL Zwee, um Radio an um Internet déi wichteg Partie Lëtzebuerg géint Bulgarien suivéieren.