Vun 20:45 Auer u spillt déi Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp am leschte Match vun der Nations League géint Nordirland. Et ass elo scho kloer, datt d’Rout Léiwen déi Lescht am Grupp wäerte bleiwen. D’Fro ass awer, ob si an de Barrage kommen oder direkt an d’League D ofsteigen. De Serge Olmo kuckt no vir op dee wichtege Match vun den Owend. Et kann ee sech froen, ob d’Rout Léiwen den éischte Gol vun der Campagne aus dem Spill markéieren.
18/11/2024 16h50 FLF Selektioun prett fir Nordirland
Am meeschte gelies