Zanter 1996 gëtt et den internationale Sportmedica Kongress, wou all 4 Joer renomméiert Sportwëssenschaftler a Medezinner referéieren. 2024 elo ass et schonn déi 8. Editioun. An déi gëtt dës Kéier hei zu Lëtzebuerg organiséiert, vun der Lëtzebuerger Sportskinésithérapie an der Sportsmedizin, ënnert der Tutelle vun der Fortbildungsakademie. De Guy Seyler huet sech am Virfeld informéiert.

20/11/2024 8. Sportmedica Kongress

2024 ass och den 20. Anniversaire vun der Lëtzebuerger Sportsklinik am CHL. An där Zäitspan hu si iwwer 200 Manifestatiounen gehat, wéi den Dr Axel Urhausen houfreg betount.  

Dës Editioun steet dann och ënner dem Moto „"Exercise and medicine - 20 years sports clinic CHL" an ass den nächste Freideg a Samschdeg an der Coque um Kierchbierg.

Nieft den Erausfuerderungen am Triathlon an am Overtraining geet et och ëm d’Preventioun vu Sportverletzungen. Déi hunn an de leschte Jore besonnesch bei Jugendlechen zougeholl. Kräizbandverletzungen am Knéi si fir de Jérôme Pauls vum "Institute for High Performance in Sports" mat déi schlëmmste Blessuren.

Op dësem Kongress bleift et net bei de rengen Exposéen. Diskussiounen sinn no de Virträg duerchaus erwënscht.

Den 8. internationale sportmedica Kongress ass e  Freideg, 22. November vu 14 h – 18.30 h, an e Samschdeg, 23. November vun 8.30 h – 14 h an der Coque um Kierchbierg. Weider Detailer fannt dir op