Di verpasste Qualifikatioun fir d'EM 2024 hat bei de Roude Léiwen, wéi et schéngt, méi Spueren hannerlooss wéi ee gemengt huet, dat esouwuel um wéi och nieft dem Terrain. Am Grupp 3 vun der League C steet d’FLF Selektioun no de 6 Matcher mat just 3 Punkten op der leschter Plaz an der Tabell a muss ziddere fir d’Klass ze halen. De Gilles Tricca mam Bilan vun dëser Campagne.

19/11/2024 Bilan FLF Nationsleague

Virum Optakt vun dëser Nationsleague war gewosst dat ee géint Nordirland, Bulgarien a Belarus all Match kéint gewanne mee och verléieren.
Um Enn fält de Bilan dach e bëssi enttäuschend aus  keng Victoire, 3x e Remis an 3 Néierlagen.
Di éischt an Nordirland wou leider ganz wéineg geklappt huet an een dann och méi wéi verdéngt 2-0 verluer huet. Et hat een op eng Reaktioun 3 Deeg mi spéit virum eegene Public gehofft. Déi ass awer leider ausbliwwen an et gouf eng 0-1 Néierlag géint Belarus. D’Feelen vun Instiktspiller wéi Borges a Vincent Thill grad esouwéi d’Héichten an Déifte vum Gerson Rodrigues hunn dozou gefouert dat dunn schonn d’offensiv Animatioun zimmlech harmlos war.
Beim duebele Rendez-vous am Oktober auswäerts géint Bulgarien a Belarus kruten d’Rout Léiwen di 2 éischt Punkten. Offensiv war et zwar nach ëmmer net immens mee positiv war dat defensiivt Verhalen an dat ouni e Max Chanot deen net vum Trainer fir den éischten Match opgesat ginn ass an dono zuguer  Heem gereest ass.  Fir hien stoung de Seid Korac um Terrain an dat ass sécher eng vun de Satisfaktiounen vun dëser Campagne.
No 4 Matcher war de Bilan net immens mee et war awer och net alles fir ewech ze geheien esou de Leandro Barreiro:
Sécherlech net déi Punkten, déi mer gären hätten, mee et ass e Prozess. An e Prozess, dee muss een och, jo, eng gewësse Kontinuitéit ginn an do sinn och heiansdo Resultater derbäi, déi eeben net positiv sinn. Mee am grousse Ganze gëtt et en, jo, de Wee, dee mer als Ekipp ginn.

An deen huet an de  Stade de Luxembourg gefouert fir di 2 lescht Matcher mam Zil di lescht  Plaz an der Tabell ze verloossen. Virum Rendez-vous  huet de Max Chanot leider nees op sech opmierksam gemaach  Dat wat hien dacks um Terrain gemaach huet,  huet hien elo an der Presse gemaach . Monter ausgedeelt . Grond ass warscheinlech dat hien dës Kéier guer net méi nominéiert ginn ass.

Sportlech gesi war beim 0-1  e Freideg géint Bulgarien  di éischt Hallschent net gutt mee di 2t awer  just de Géigendeel et huet eben de Realismus virum  Gol gefeelt. Den haten ons Rout Léiwen géint Nordirland . Duerch eng kämpferesch Leeschtung an e  bëssi Gléck konnten d’Lëtzebuerg mat engem 2-2 dofir Suergen dat ënner aneren de Keeper Ralph Schon e würdegen Abschid kritt huet. De Kapitän Laurent Jans:
Ech mengen déi dräi Leit, déi eis hei verlooss hunn, ob dat elo zwee Membere vum Stuff waren oder eeben de Ralph, ech mengen ech mussen och net vill soen, datt mir zwee eng ganz speziell Relatioun hunn. Mir kennen eis iwwer 25 Joer vu kleng Jugendkolleege bis zesummen hei bei der Equipe op den Terrain. Ech mengen ech sinn ech einfach nëmmen immens frou fir hien.
Dëst Joer ass fir d’Jonge vum Nationaltrainer Luc Holtz net  alles esou gelaf wéi erhofft mee et ass och net alles esou schlecht wéi verschiddener et wëllen duerstellen
Fir mech huet d'Prioritéit bal ëmmer d'Leeschtung um Terrain. Ech denken awer perséinlech als Trainer ëmmer a moyen terme an net ganz kuerzfristeg. Leider, wéi gesot, hu mer elo déi Situatioun an der Tabell, déi mer hunn. Mee wann een no vir kuckt oder no vir wëll kucken, dann ass dat wichteg als Performance a musse mer just méi effikass sinn.

Nächste Rendez-vous ass elo am eréischt am Mäerz  an dat fir d'Qualifikatiounsmatcher fir d'WM 2026 . Bis dohin hunn d’Acteuren alleguer Zäit fir di richteg Conclusiounen ze zéie sportlech mee och extra sportlech.

Den Owend an der Partie Schweden - Aserbaidschan entscheet sech ob d'FLF Selektioun iwwernächst Joer de Play-off ka spillen fir an der League C  ze bleiwen. D'Formatioun aus Aserbaidschan däerf dofir net gewannen