Wousst der schonn ?

 

…dass et ni ze spéit ass fir eppes bäi ze léieren – fir e Schoulofschloss ze machen oder esouguer ze studéieren? Mat de Cours du soir vun der Chambre des salariés an hirem Lifelong Learning Center hutt Dir d’Chance, dat Verpasstent nozehuelen. Mir ginn iech en Abléck an hir breet gefächert Offer, mat wichtegen Zousazinformatiounen vum Directeur Adjoint Roger Melmer.

…dass een och am Erwuessenenalter nees kann zeréck an d’Schoul an dat nohuele, wate e vläicht als Kand oder jonke Mënsch verpasst huet, siew dat en Diplom oder einfach eng Qualifikatioun an engem Beräich deen een interesséiert.

...dass et och ouni BAC nach en Accès zu enger universitairer Ausbildung gëtt? De Luxembourg Lifelong Learning Center bitt mat sengem Diplôme d’Accès aux Etudes Universitaires eng Méiglechkeet, déi néideg Qualifikatioun ze kréien, fir och nodréiglech nach Zougang zu universitaire Studien ze kréien.

...dass Dir d’Méiglechkeet hutt, och wann Dir schon am Beruffsliewen dra sitt, eng universitaire Formatioun hei zu Lëtzebuerg ze machen, an zwar an Owescouren? De Luxembourg Lifelong Learning Center bitt eng ganz Palette u Couren, iwwert e Bac Equivalent, deen engem Accès op Héichschoulstudie gëtt, bis hin zu enger universitärer Asubildung hei zu Lëtzebuerg.

Schéckt eis en SMS mam Stéchwuert "LLLC" op de 62468 fir d'Chance ze hunn, en Bong fir Formatiounen am Wäert vun 200 € ze gewannen!

Méi Informatioune kritt Dir des Woch op RTL Radio Lëtzebuerg an op www.lllc.lu