Wousst der schon?

…dass den 13. November Sozialwahle sinn? Wat et mat dene Wahlen op sech huet, wéi et am eenzelne fonctionnéiert a wat fir eng Roll d’Chambre des Salariés dora spillt, dat gi mir vum Jean-Claude Reding, Präsident vun der Chambre des salariés gewuer.

…dass d’Chambre des salariés d’Sozialwahle vum 13. November organiséiert, ma och soss vill wichteg Aufgaben huet, fir d’Rechter vun de Salariéën ze vertrieden. Wat dat fir Aufgabe sinn, seet ons de Präsident vun der Chambre des salariés, de Jean-Claude Reding.

…dass den 13. November Sozialwahle sinn? Déi gi vun der Chambre des Salariés organiséiert an nodeems mer schon Detailer zum Oflaf vun der Wahl kruten a gewuer gi sinn, wien sech därf un der Wahl bedeelegen, froe mer de Präsident Jean-Claude Reding muer am Wousst der schon, wien da do iwwerhapt gewielt gëtt.

…dass den 13. November Sozialwahle sinn? De Präsident vun der Chambre des Salariés erklärt ons, firwat dës Wahlen esou wichteg sinn fir jiddfereen deen hei am Land schafft, a wéi ee ka matwielen. Ab dem 18. Oktober ginn d’Wahlbulletine verschéckt a fir dass Dir optimal informéiert sitt, soe mir iech alles wat Dir dozou wësse musst, hei bei ons op der Antenne am Wousst der schon.

Schéckt eis en SMS mam Stéchwuert "Sozialwahlen" op de 62468 fir d'Chance ze hunn, Kinsoticketen ze gewannen!

Méi Informatioune kritt Dir des Woch op RTL Radio Lëtzebuerg an op www.csl.lu an op www.elections.csl.lu