Lifelong learning mam INFPC
Den Institut National pour le Développement de la Formation Professionelle Continue stellt sech vir.
Wousst der schonn ?
... dass den Institut national pour le développement de la formation professionelle continue (kuerz: INFPC) en Etablissement Public ënnert der Tutelle vum Edukatiounsministär an der Formation Professionnelle ass an dass hir Missioun dora besteet, d’Formation continue an der lëtzebuerger Wirtschaft ze förderen an ze thematiséieren ?
... dass et hei zu Lëtzebuerg en Internetportal gëtt, deen ee kann als déi Referenz a Saache Formation continue ugesinn, an deen esou gutt wéi all disponibel Fortbildungsmoossnahmen hei am Land regruppéiert? Dës Säit fannt Dir op lifelong-learning.lu an si gëtt bedriwwe vum INFPC, dem Institut National pour le Développement de la Formation continue.
... dass Dir als Employé net nëmmen e Recht op Fortbildung hutt, mee dass et dofir och eng ganz Rei Mesure vun der Regierung gëtt fir Iech dobäi ze ënnerstëtzen? Mir schwätzen am Wousst der schon mat engem Représentant vum INFPC, dem Institut National pour le Développement de la Formation professionelle Continue.
... dass een hei zu Lëtzebuerg d’Chance huet, sech seng Berufserfahrung unerkennen ze loossen, fir esou awer nach zu engem Diplom ze kommen. Déi Prozedur heescht Validation des acquis de l’expérience a wéi dat am eenzelne geet, u wie nee sech muss wennen a wat d’Viraussetzunge sinn, dat seet ons de Claude Betzen vum Institut National pour le Développement de la Formation continue, kuerz INFPC.
Méi Informationen op www.lifelong-learning.lu