IndonesienRare Sumatra-Elefant gouf vergëft a gekäppt

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg gouf de Kadaver zu Jambo Reuhat fonnt. Ermëttler ginn dovunner aus, dass hie wéinst senge Stousszänn dout gemaach gouf.
© AFP/Cekmad

Eng Enquête hätt erginn, dass de ronn 12 Joer alen Elefant als éischt vergëft gouf, éier een de Kapp vum Rescht vum Kierper ofgetrennt hätt.

De Sumatra-Elefant (Elephas maximus sumatranus) ass eng Ënnergattung vum Asiateschen Elefant. Hie steet op der rouder Lëscht vun der IUCN a gëllt als vum Ausstierwe bedrot. Schätzungen no liewen hautdesdaags manner wéi 3.000 där Déieren a fräier Natur. De Bestand geet drastesch zeréck, well hire Liewensraum ëmmer méi kleng gëtt.

Back to Top
CIM LOGO