Sri LankaReiden op Elefanten ënner Alkohol- an Drogenafloss elo verbueden

RTL Lëtzebuerg
A Sri Lanka gouf een neit Déiereschutzgesetz gestëmmt. Doduerch sollen ënnert anerem Elefanten an Zukunft besser geschützt ginn.
Elefant op enger Strooss zu Sri Lanka.
Elefant op enger Strooss zu Sri Lanka.
© AFP (Archiv)

A Sri Lanka ass d’Reiden op Elefanten ënnert dem Afloss vun Alkohol oder Drogen an Zukunft verbueden. “D’Persoun, déi am Besëtz vum Elefant ass oder sech drëm këmmert, muss sécherstellen, datt de Reider keen Alkohol oder änlech Droge konsuméiert huet”, sou d’Ministerin fir Wëlldéieren Wimalaweera Dissanayaka. D’Virschrëft ass Deel vun engem neien Déiereschutzgesetz.

A Sri Lanka hale vill räich Leit a buddhistesch Mënchen Elefanten, fir hire Räichtum ze presentéieren. Dobäi gëtt et dacks Reklamatioune wéinst Déierequälerei, dat neit Gesetz soll elo dogéint virgoen. Dobäi gëtt ënnert anerem d’Reiden ënner Drogen- oder Alkoholafloss ausdrécklech verbueden. Offiziellen Zuelen no befanne sech 200 Elefanten am südostasiatesche Land a Gefaangenschaft a 7.500 an der Wildnis.

Nieft dem Droge-Verbuet musse Besëtzer an Zukunft och ee biometresche Pass fir hir Elefanten ufroen. Si mussen d’Déieren all Dag op d’mannst 2,5 Stonnen bueden an all sechs Méint vum Déierendokter kontrolléiere loossen. An der Holzindustrie däerfen d’Déieren an Zukunft maximal nach 4 Stonnen den Dag schaffen an net méi nuets. An der Tourismusindustrie duerfen net méi wéi 4 Persounen um Réck vun engem Déier sëtzen - an et muss ee gutt gepolsterte Suedel benotzt ginn. Och d’Filmindustrie huet elo méi streng Virgabe kritt.

Wann ee géint d’Reegele verstéisst, da riskéiert een, datt den Elefant confisquéiert gëtt an et kann een eng bis zu dräi Joer laang Prisongsstrof kréien.

D’Afänke vu wëllen Elefante gëtt mat der Doudesstrof bestrooft. Déiereschützer no sinn an de leschte 15 Joer iwwer 40 Babyelefanten aus Nationalparke geklaut ginn.

Back to Top
CIM LOGO