Hamm (D)Ronn 30 vernoléissegt exotesch Déieren a Wunneng fonnt

RTL Lëtzebuerg
Bei engem Policeasaz an Nordrhein-Westfalen sinn d'Beamten duerch Zoufall op divers Spannen, Geckoen, Skorpiounen a Schlaange gestouss.
© AFP/Archiv/Bay Ismoyo

2 Schlaange goufen dout opfonnt. Donieft hunn d’Polizisten och nach 2 Hauskazen an der Wunneng entdeckt.

D’Police gouf vun den Nopere geruff, nodeems si déi 29 Joer al Locatairin scho laang net méi gesinn haten an e verdächtege Geroch aus hire 4 Wänn komm ass. Zesumme mat de Pompjeeën hunn d’Beamten d’Dier opgebrach. D’Fra hu si net an hirer Wunneng ugetraff, mä dofir eng Abberzuel geféierlech exotesch Déieren.

Vun der Besëtzerin feelt den Ament all Spuer. Géint si gëtt elo wéinst Verdacht op Verstouss géint d’Déiereschutzgesetz ermëttelt.

Back to Top
CIM LOGO