
Wéi d’Déier konnt ausbéchsen, ass nach net gewosst.
Den Zoo huet no bausse kommunizéiert, dass de Panda net geféierlech ass fir Mënschen. De Jang géif sech ganz sécher an der Spëtzt vun engem Bam ophalen, wuel och nach am Zoo selwer. An awer huet den Zoo gebieden, d’Police ze ruffen, falls iergendeen de Jang dobaussen erbléckst. Et soll een net probéieren hien eleng anzefänken.