Message vum Macron sengem HondSchenkt engem Mupp op Chrëschtdag en Doheem

RTL Lëtzebuerg
E Video, deen den Ament vill an de sozialen Netzwierker gekuckt gëtt, staamt zwar aus dem Elysée, awer net vum franséische President Macron.
© AFP

Säin Hond Nemo, e schwaarze Labrador-Griffon-Baaschtert, mécht an engem Video den Appell, Déieren z’adoptéieren, déi keen Doheem hunn. Mat Hëllef vun Ënnertitele gouf versicht, dem Véierbeener seng Kierpersprooch ze iwwersetzen an de Leit dobaussen ze iwwermëttelen, wat den Hond vum franséische President matzedeelen huet.

All Joer verléieren nämlech ronn 100.000 Déieren a Frankräich hiren Daach iwwert dem Kapp. “Also adoptéiert si op Chrëschtdag. Awer adoptéiert si mat Verantwortung”, sou de First Dog Nemo. Hien hat 2017 e glécklecht Doheem beim Emmanuel Macron senger Fra Brigitte fonnt.

Dass sech Frankräich méi fir d’Wuel vun den Déieren asetze wëll, weist ënnert anerem e Gesetz géint Déierequälerei, dat am Januar soll debattéiert ginn. Och den Nemo huet zu dësem Thema eng kloer Astellung: “Mësshandlung soll méi haart bestrooft ginn”, sou de Mupp am Video-Message. Gëtt dëst Gesetz gestëmmt, sollen 20 Milliounen Euro fir Schutzzentren investéiert ginn, fir d’Déiere besser ze schützen.

Back to Top
CIM LOGO