
Mat engem Grupp Kanner huet de véierfache Formel-1-Weltmeeschter en Donneschdeg op enger Wiss an der Géigend vum Red-Bull-Ring zu Spielberg en Insektenhotel a Form vun engem Rennwon gebaut.
“D’Iddi dohannert ass, fir Insekten a besonnesch Beien zousätzleche Raum ze schafen, op deem si liewe kënnen”, sou de Vettel. “Mir hunn och Som gestreet. Hoffentlech entstinn doraus vill Blummen, a vill Beie fannen en neit Doheem.”
De gebiertegen Heppenheimer ass wéi och den Tennisstar Dominic Thjiem fir déi éisträichesch Initiativ “Bio Bienen Apel”. Duerch de Projet sollen an den nächste 5 Joer bis zu 1.200 Hektar neie Liewensraum fir Beie geschaaft gëtt.