AustralienSeele Maus-Aart huet Bëschbränn virun 2 Joer iwwerlieft

RTL Lëtzebuerg
Een Drëttel vum Liewensraum vun der sëlwerer "Breitfußbeutelmaus" (Antechinus bellus) ass 2019 a Flamen opgaangen.
© QUEENSLAND MUSEUM/AFP/Archiv/Gary CRANITCH

Dowéinst hu Wëssenschaftler gefaart, dass dës Déieren duerch d’Bränn ausgestuerwe wieren. Bei Untersuchungen am Bulburin-Nationalpark a Queensland gouf allerdéngs festgestallt, dass si iwwerlieft hunn, bericht den Andrew Baker vun der Technescher Universitéit Queesland e Méindeg.

Eng éischte Kéier gouf d’Antechinus bellus 2013 wëssenschaftlech beschriwwen an direkt als vum Ausstierwe bedrot agestuuft. Et misst een dës Déierenaart dréngend weider erfuerschen a schützen, betount de Fuerscher. “Mir kënnen net zouloossen, dass hir Geschicht haut entdeckt gëtt a muer verschwënnt”, warnt den Andrew Baker.

Déi sougenannten “Breitfußbeutelmaus” zeechent sech duerch hir aussergewéinlech Fortplanzungsstrategie aus, déi dozou féiert, dass d’Männercher scho wärend hirem éischte Liewensjoer stierwen. Si kopuléiere sech wärend ronn 2 Woche quasi zu Doud, erkläert de Baker. Duerch déi héich Testosteron-Wäerter géingen d’Mais ze vill vum Stresshormon Cortisol produzéieren. D’Männche leiden ënner ënnerleche Bluddungen a verléiere Fäll, verschiddener ginn esouguer blann. Lues a lues stierwe si un der Iwwerproduktioun vu Cortisol. Et kann awer virkommen, dass si bis zu hirem Doud nach ronderëm tierkelen an no engem neie Weibche sichen, fir sech fortzeplanzen.

Back to Top
CIM LOGO