
Well all Mënsch Loscht op Vakanz huet an déi international Reese weider boomen, war et nach ni esou wichteg, sech bei dësen Aventuren ofzesécheren. D'Reesversécherung, déi fréier vill Globetrotter fir iwwerflësseg gehalen hunn, huet haut eng zentral Plaz an der Reesorganisatioun.
Wann der alles gebucht hutt an der mat liichtem Gepäck ënnerwee sidd, well et Summer ass an Äre Programm am Fong wéineg Plaz fir Iwwerraschunge bitt, firwat dann nach eng Reesversécherung maachen? Gleeft et oder net, si kann Är Vakanz retten onofhängeg vun deem, wat geplangt ass.
Si ëmfaasst vill Aspekter vun Ärer Rees a regroupéiert follgend Garantien:
d'Annulatiounsversécherung: fir Är Annulatiounsfraisen vun der Rees oder Ëmännerungsfraisen virun der Rees rëmzekréien, dëst am Fall wou en Accident oder eng Krankheet Iech verhënnert fir un den Depart ze goen oder wann Dir Är Rees virzäiteg annuléiere musst am Fall vun engem Grond, dee verséchert ass (Doudesfall an der Famill, Iwwerschwemmung, Verspéidung am Fall vun engem Autosaccident…)
Medezinesch Fraisen am Ausland: fir d'Käschte vun ambulante Behandlungen a Spidolsopenthalt ze decken an Dokteschrechnunge virzestrecken. Dëse Virdeel ass net ze vernoléissegen, well Käschte vu Behandlungen am Ausland kënnen immens schwanken an och méi héich si wéi zu Lëtzebuerg.
Gepäcksversécherung: fir Äert verluerent, geklauten oder beschiedegt Gepäck zréckzebezuelen. Är Boergeld a Wäertsaache kënnen och géint Déifstall verséchert ginn.
D‘Reesversécherung gëtt an der Reegel separat ofgeschloss, kann awer och Deel vun enger Wunnengsversécherung sinn, déi Dir séier an einfach ofschléisse kënnt.
Beim Foyer, den éischten Assureur zu Lëtzebuerg, ass d‘Reesversécherung entweder e Module vu mozaïk, der perséinlecher Wunnengsversécherung oder e separate Kontrakt (zäitlech begrenzt oder pro Joer) den Dir wiele kënnt no der Unzuel vun Äre Reesen. An all Fall garantéiert de Foyer Iech an all de Membere vun Ärer Famill (wann der d'Formule Famill gewielt hutt) eng sécher Vakanz.
Kuckt Iech déi verschidde Méiglechkeeten un, déi d'Reesversécherung vum Foyer Iech ubitt.