
Ee Joer no der eklatanter Ukënnegung vun de massiven Erhéijunge vun den Zolltariffer duerch d‘Trump-Regierung gëtt d’Resilienz vun der Weltwirtschaft duerch den Ausbroch vum bewaffnete Konflikt tëschent den USA, Israel an dem Iran den 28. Februar op en Neits op eng haart Prouf gestallt.
Trotz der haushéijer militärescher Iwwerleeënheet an der rapider Eliminatioun vun enger ganzer Rei vun héichrangege Vertrieder vum Regime stéisst déi israeelesch-amerikanesch Koalitioun op heftege Widderstand vum Iran. Déi vun den iraneschen Autoritéiten imposéiert Blockad vum Schëffsverkéier an der Strooss vun Hormus huet en eemolege Schock vun der Offer ausgeléist. Duerch d’Kontroll vun dësem strategesche Passage, duerch deen ongeféier e Fënneftel vun der weltwäiter Offer u Pëtrol a Flësseggas transitéiert, verfüügt Teheran iwwer en imposant Drockmëttel, dat déi international wirtschaftlech Stabilitéit gefäerde kann. Nieft Pëtrol a Gas sinn am Ament och aner Fluxe behënnert, notamment Dünger, Aluminium oder Helium, wat gläichermoossen direkt Auswierkungen op d’Präisser an d’Produktiounsketten huet.
Den Accord iwwer de Waffestëllstand, deen ab dem 8. Abrëll fir zwou Woche gëllt, schéngt äusserst fragil ze sinn. Ënner der Féierung vu Pakistan sinn déi éischt Verhandlungen tëschent den USA an dem Iran séier gescheitert. D’Fuerderunge vu béide Säite leie bis op Weideres wäit ausernaner. Déi iranesch Bestriewungen, e maritimme Peage fir d‘Duerchfaart vum Detroit anzeféieren – wat e Verstouss géint de Prinzip vun der fräier Schëfffaart duerstellt – suerge fir grouss Tensiounen. Als Reaktioun op dësen Echec huet den Donald Trump alt nees d’ganz Welt iwwerrascht, andeems hien eng US-Blockad vun der Strooss vun Hormus dekretéiert huet, mam Zil, den Iran drun ze hënneren, seng Krichsféierung iwwer d’Revenuen aus senge Pëtrolsexporter (an der Gréisstenuerdnung vun 2 Millioune Barrel pro Dag a Richtung China) ze finanzéieren.
D’Reprise vum Schëffsverkéier an dësem Gebitt wäert zwangsleefeg schleefen. D’international maritim Schëfffaartsorganisatioun schätzt, datt den Ament ronn 3.000 Schëffer am Persesche Golf festsëtzen an op eng Duerchfaartsgeneemegung waarden. Dovunner ofgesinn, wäert et e puer Méint daueren, fir d’Energiefluxen aus dem Noen Osten nees ze normaliséieren, vue datt verschidde Produktiounssitten, Hafeninfrastrukturen a Raffinerien an der Regioun bedeitend Schied erlidden hunn.
Als Netto-Importatrice vun Energie ass d’Eurozon ekonomesch gesi ganz ufälleg fir den Energieschock. Mir beobachten éischt Unzeeche vun enge konjunkturelle Ralentissement an der Regioun, déi sech zu dësem Zäitpunkt virun allem aus de Stëmmungsëmfroen erginn. Den Akafsmanagerindex (Composite PMI) befënnt sech zwar weiderhin an enger Expansiounsphas, ass awer am Mäerz ëm 1,2 Punkten erofgaangen, wat op en däitleche Réckgang am Déngschtleeschtungssecteur (-1,6 Punkten) zeréckzeféieren ass. Och d’Konsumentevertrauen huet däitlech ofgeholl an am Verlaf vun deem Mount 4 Punkte verluer – e signifikante Réckgang, deen d’Befierchtungen am Zesummenhang mat de geopoliteschen Tensiounen an deem verstäerkten Inflatiounsdrock, deen sech doraus ergëtt. erëmspigelt. Dësen Drock ass ewell ganz kloer ze erkennen: De Verbraucherpräisindex an der Eurozon ass am Mäerz däitlech geklommen a verzeechent eng Hausse vun 2,5 % op Joresbasis (géintiwwer 1,9 % am viregte Mount), gedroe vun der Energiekomponent, déi bal 5 % zougeluecht huet. D’Inflatioun dierft hiren Opwäertstrend fortsetzen an am Laf vun de kommende Méint d’3 %-Linn iwwerschreiden.
Dës Kombinatioun vun enger Degradatioun vun de Wuesstemsaussiichten an der Verstäerkung vum Inflatiounsdrock an der Eurozon bréngt d’Mäert dozou, bis Enn 2026 eng däitlech Straffung vun der EZB hirer Geldpolitik ze antizipéieren – e Revirement par rapport zum Status quo, deen nach Enn 2025 virgeherrscht huet. D’Mäert rechnen den Ament mat praktesch dräi Zënserhéijunge bis zum Joresenn, wat aggressiv erschéngt an d’Geldpolitik op e restriktiven Terrain dränge géing.
Dës Zënserhéijunge wäerten awer - wann se da vun de Geldautoritéite beschloss ginn – e geréngen Impakt op déi importéiert Inflatioun hunn. D’EZB wëllt virun allem eng „Entkoppelung“ vun den Inflatiounserwaardunge vermeiden an d’Zweetronneneffekter – eng Hausse vun den net energeetesche Präisser als Reaktioun op d’Hausse vun den Energiepräisser – notamment op d’Léin begrenzen. An dësem Zesummenhang vermëttelt der Europäescher Zentralbank hiren Tool fir de Suivi vun de Léin en éischter berouegende Message, andeems e fir 2026 e Wuesstem vun den negociéierte Léin vun 2,3 % antizipéiert, wat eng däitlech Entschleunegung par rapport zum viregte Joer duerstellt. Mir kënnen awer net ausschléissen, datt den Energieschock déi kommend Lounverhandlunge beaflosse wäert.
An den USA rechnen d’Mäert trotz enger Konjunkturdynamik, déi am Laf vun de leschte Méint offenbar ofgeschwächt gouf, just nach mat héchstens enger eenzeger Zënssenkung zum Joresenn. Fir dat ze veranschaulechen: Op Basis vun den Zuelen zu den Ausgabe vun de Stéit am Januar an am Februar affichéiert de private Konsum den Ament e schwaache Wuesstem (manner wéi 1 % pro Trimester op e Joer héichgerechent). D‘Inflatioun beschleunegt sech däitlech (+3,3 % am Mäerz), wat d’Aufgab vun de Geldautoritéiten zousätzlech erschwéiert. De President vun der Federal Reserve huet awer kierzlech ugedeit, datt d’Institutioun méiglecherweis net iwwerreagéiere wäert, soulaang déi laangfristeg Inflatiounserwaardunge fest verankert bleiwen.
D’Investisseure setze weiderhin op eng relativ séier Léisung vun der Kris am Noen Osten. Kuerz virun den Tëschewale kéinten sech déi politesch Käschte vun dësem Energieschock als bedeitend fir d’Trump-Regierung erweisen. Déi hätt deemno keen Interessi drun, de Konflikt an d’Längt ze zéien. D’wirtschaftlech Käschten hänke vum Ausmooss a vun der Dauer vun deem duerch d’Späre vun der Strooss vun Hormus verursaachte Schock vun der Offer of. D’Zäit drängt: Bei bestëmmte Raffineriesproduiten (Kerosin oder Diesel) kéint et zu Engpäss kommen.
Méi Informatiounen: https://www.banquedeluxembourg.com/fr/bank/bl-times/filter/topic_economie/pays/LU/