Op der Onglécksplaz war um Samschdeg eng Gedenkzeremonie.
Famill, Frënn an och vill Leit aus der Motorsport-Zeen am Ganze ronn 100 Leit sinn op Eschduerf komm, fir un d’Manuela Dondelinger ze erënneren. Rendez-vous war um 16 Auer virun der Gemeng. Zesummen ass ee vun do aus déi 900 Meter erofgaange bei d'Onglécksplaz. D'Manu Dondelinger war zesumme mat hirem Mann op der Rennstreck als Streckeposten Nummer 9 agedeelt.
Hire Mann, de Joel Thill seet, "Mir waren en Dream-Team. Vill Organisateuren hunn eis gefrot bei de Motorsport-Evenementer, eng Hand mat unzepaken."
Bei d’Trauer kënnt elo awer och d’Fuerderung no Gerechtegkeet. De Joel Thill mech den Organisateure Reprochen, virop wat d’Positioun vun hirem Streckeposten ugeet. Dee wär déi Jore virdrun e puer Meter méi wäit de Bierg erof gewiescht.
Och aner Leit, déi un der Trauerfeier deelgeholl hunn, an an der Vergaangenheet als Pilot oder als Streckeposten bei der Biergcourse dobäi waren, hunn eis confirméiert, datt de Streckeposten an der Kéier ëmmer méi wäit ënne gestanenen hätt.
D'Enquête iwwert déi genee Ëmstänn vum Accident leeft iwwerdeems weider. De Parquet vun Dikrech ermëttelt wéinst onfräiwëllegen Doutschlag. De concernéierte Rennwon gouf saiséiert.