De Lëtzebuerger Chris Leesch fiert den 21.-22. September bei der 24h-Course Bol d'Or an der Ekipp "Team Suzuki Jeg Kagayama".

De Bol d'Or ass den Optakt vun der Saison 2019/2020 vun der Endurance-Weltmeeschterschaft (EWC).

Déi nei Ekipp mat där de Chris Leesch wäert untriede setzt sech zesummen aus enger Kollaboratioun tëscht dem Team Jeg Racing, wat déi offiziell Suzuki-Ekipp aus Spuenien ass, an dem Team Kagayama, der offizieller Wierksekipp aus Japan. Hei hu sech also zwee ganz staark Teams zesummegedoen.

D'Piloten, déi hei nominéiert sinn, sinn de Fransous Gregory Leblanc (4 Victoire beim Bol d'Or a Rekordgewënner bei de 24h du Mans), de Japaner Naomichi Uramoto an eben de Lëtzebuerger Chris Leesch.

De Chris Leesch seet sech immens houfreg, dass hien dës Geleeënheet kritt, an deem Top-Team ze fueren. D'Tester déi lescht Woch wiere ganz gutt gelaf, souguer besser wéi erwaart. D'Virzeeche fir d'Course déi nächst Woch sinn also méi wéi positiv.

Déi 2 Coequipiere sinn och keng Onbekannt fir de Chris Leesch. Mam Japaner fiert hie schonn am spuenesche Championnat, an de Fransous huet hie bei den Tester kennegeléiert. Virun allem de Gregory Leblanc wäert dem Lëtzebuerger hëllefe kënnen, sech ze verbesseren a weider ze entwéckelen.

Dat neit Team geet mat der Startnummer 71 an d'Course zu Le Castellet.