
Zu Valencia a Spuenien gëtt dëse Weekend déi lescht MotoGP-Course vum Joer gefuer a virum éischten Training huet den zéngfache Weltmeeschter Marc Márquez ugekënnegt, dass hien d'nächst Joer net méi wäert weidermaachen. De Spuenier huet e Schëld an d'Luucht gehalen, op deem stoung, dass et seng lescht Course wäert sinn. 8 vu sengen Titelen huet hien an der Kinneksklass gewonnen an domat dem Giacomo Agostini säi Rekord agestallt.
Schonn an de leschte Woche war spekuléiert ginn, dass de Márquez no sengem zéngten Titel kéint zrécktrieden. Hien hat awer ëmmer betount, hie wéilt fir d'éischt den Titel assuréieren a sech dono Gedanke maachen ëm de weidere Verlaf vu senger Karriär. Elo dann d'Annonce, dass hien 2027 ënnert engem neien technesche Reglement net méi untriede wäert.
D'Iwwerraschung war grouss am Paddock, well net wierklech domat gerechent gi war. De Márquez hat bis Enn 2028 e Kontrakt als Wierksfuerer bei Ducati. Domat ass nieft dem Pedro Acosta, dee vu KTM eriwwer wiessele wäert, onerwaart eng Plaz fräi ginn op engem vun den Top-Motorrieder am Feld.
Den Ofschloss vun der MotoGP-Saison gesitt Dir dëse Sonndeg am Livestream op RTL.lu an RTLPLAY.lu vun 10:45 Auer un.