D'Formel 1 huet op déi schlecht Wiederausiichte reagéiert an de ganze Programm vun e Samschden aus Sécherheetsgrënn ofgesot.

Fir eng virzäiteg Ofso vum 3. fräien Training an der Qualifying hu sech och d'Piloten ausgeschwat. D’Qualifikatioun fir de Grousse Präis vu Japan gëtt e Sonndeg virun der Course gefuer.

D'Formel-1-Supporter mussen doduerch fréi opstoen, well d'Sessioun um 3 Auer moies ugeet. No 4 Stonne gëtt d'Course, zu der regulärer Zäit un, um 7.10 Auer eiser Zäit gestart.

Soll den definéierten Zäitplang wéinst dem Taifun e Sonndeg nees duercherneegeroden an Qualifikatioun net ka gefuer ginn, géif d'Resultat vum zweete fräien Training d'Startopstellung definéieren. Dovunner ass awer net auszegoen.

E Sonnden soll et dréche bleiwen.