Spannende Kampf ëm d'Victoire, mam besseren Enn fir Griebel/Kopczyk op Skoda
Zu Housen gouf e Freideg an e Samschdeg de Rallye Lëtzebuerg gefuer. Ganz vill Zuschauer ware bei dësem eenzege Rallye vum Joer mat um Rendez-vous.
Et war déi 6. Editioun vum Rallye de Luxembourg ënnert der Organisatioun vun der "Ecurie Roude Léiw". Den Entrée war gratis an d'Leit kruten eng ganz spannend Course gebueden, wourunner d'Wieder net ganz onschëlleg war.
Freides war nach alles relativ normal iwwert d'Bün gelaf, dat beim sougenannte Shakedown, bei deem d'Equipagen eng Special fuere konnten, fir sech an den Auto op de Rallye anzestellen. Dësen zielt net zum gewäertete Rallye, ma ass eenzeg als Test geduecht.
Shakedown
Samschdes moies huet et du geheescht de richtege Pneuechoix ze maachen, well et waren net manner wéi 4 Speciallen ze fueren, ouni dass een d'Méiglechkeet hat zeréck an de Service ze kommen, fir Pneuen ze wiesselen. Et war Reen gemellt... ma wéi vill, dat war d'Fro. Esou koum et zu ganz ënnerschiddlechen Decisioune beim Pneuechoix. Et si ronn 50 Autoen un den Depart gaangen, dorënner souwuel national wéi och international gutt Fuerer.Déi eng sinn op Rallye-Slicks erausgefuer, anerer op Mixten, nach anerer op Reepneuen.
Sou koum et dann och, dass et no der éischter Boucle a ganz duerchernee gerëselte General gouf, well déi mat Reepneuen wuel déi richteg Decisioun geholl haten, och wa se Deels op dréchene Speciallen ënnerwee waren. Zu engem Ament ass esou e grousse Schluet erofkomm, dass d'Waasser reegelrecht iwwert den Asphalt gelaf ass. Et huet geheescht keng Feeler ze maachen a virsiichteg ze fueren, wat leider net jidderengem gelonge war.
Duerno huet sech d'Wieder e bësse stabiliséiert, woubäi awer nach ëmmer déi eng oder aner kleng Schauer erofkomm war.
De Lëtzebuerger Charles Munster hat sech e bëssen iwwerraschend, duerch säi riskante Pneuechoix op der 1. Boucle un d'Spëtzt vum General gesat, ma den 3-fache Gewënner vum Rallye Lëtzebuerg, de Marijan Griebel huet sech bis zum Schluss net geschloe ginn. Fréizäiteg huet mussen den Equipage Foxius/Thielen opginn, well hire Skoda Fabia den Déngscht quittéiert hat... si haten also mam Kampf ëm de Podium näischt méi ze dinn. Beim Ronny Foxius sengem Heem-Rallye gouf et u senger Säit ee Changement, no 6 Joer Paus souz d'Jennifer Thielen nämlech nees als Co-Pilotin nieft him.
Et koum zu engem ganz spannenden Duell tëscht Griebel a Munster, an op der zweetleschter Special ass et dem Griebel gelongen nees d'Spëtzt vum Klassement ze iwwerhuelen, dat mat just 2 Sekonnen Avance. Déi Avance huet et geheescht op der leschter Special ze verdeedegen, well de Munster ass en extrem staarke Rallye gefuer. D'Erfarung vum Griebel sollt sech awer duerchsetzen. Sou dass et eng knapp Victoire fir Marijan Griebel a Stefan Kopczyk gouf, dat op Skoda Fabia Rally2.
Den Däitschen hat no 12 Speciallen eng Avance vu just 4 Sekonnen op de Lëtzebuerger Charles Munster op Hyundai i20 Rally2. Drëtte gëtt de Belsch Kris Princen op Citroën DS3 WRC.
Rallye Lëtzebuerg 2023
Fir de Griebel war et deemno schonn déi 4. Gesamtvictoire beim Rallye Lëtzebuerg.