Desastréise Freidegmoie fir de Grégoire Munster

© Nikos Katikis / DPPI via AFP
No engem bal perfekte Start an de Rallye um Donneschdeg, wou no 2 Specialle Plaz 3 am General verbucht gouf, ass et e Freideg ganz schlecht ugaangen.
Op der éischter Speciale vum Dag sinn de Grégoire Munster an de Louis Louka mat hirem Ford Puma Rally1 e gudden Deel hannert dem Sami Pajari op Toyota Yaris Rally1 gefuer. Dësen hat e Platte gewiesselt an ass eréischt kuerz virum Munster nees op d'Speciale gefuer. Wéinst der enormer Stëbsentwécklung hat de Munster eng immens schlecht Siicht an huet deementspriechend Tempo mussen eraushuelen. Eleng op där Special hu Munster/Louka 57 Sekonnen op d'Spëtzt verluer a si sinn am General op Plaz 5 zeréckgefall.
De Frust war grouss op der Arrivée vun der WP3... ma e sollt nach méi grouss ginn.
Op der 4. Speciale huet d'Mécanique vum Puma de Lëtzebuerger-belschen Duo am Stach gelooss. Eng Spuerstaang an e Cardan si futti gefuer. Si konnten d'Speciale nach fäerdeg fueren an hunn um Wee op d'fënneft Speciale den Auto kënne provisoresch flécken. Déi zwou nächst Specialle si se dunn ouni dee Cardan gefuer, ma dunn hu se sech op der 6. Special nach e Platten agefaangen.
Et war deemno e Freidegmoie fir ze vergiessen. Si sinn am Generalklassement op Plaz 15 zeréckgefall, mat 6min58 Réckstand op de Leader Ott Tänak. Plaz 2 no 6 Speciallen den Elfyn Evans op 24,4 Sekonnen, virum Kalle Rovanperä op Toyota GR Yaris Rally1.
Um Freideg de Mëtteg stoungen nach emol 4 Speciallen um Programm. Op der 7. Special gouf et nees mechanesch Problemer, déi Munster a Louka du virun der 8. Speciale léise konnten.... woubäi hei dunn awer d'Bremsen net sou funktionéiert hunn, wéi se sollten. Déi zwou lescht Specialle konnte se dunn awer ouni Drama a weider Problemer op en Enn fueren a ware frou zeréck am Service Park ze sinn.
De Lëtzebuerger-belschen Duo läit no 10 Speciallen op Plaz 11 am General.
Un der Spëtzt läit den Elfyn Evans, virum Kalle Rovanperä an dem Ott Tänak.