Gil Linster no den zwou éischte Courssen elo Leader am Championnat

© Julien Ramos / Imagify Visual Studio
No enger zweeter an enger véierter Plaz bei den zwou éischte Coursse vun der Saison, dat zu Valencia, ass de Gil Linster elo vir am Championnat.
E Sonndeg stoung déi zweet Course vun der EuroNASCAR-Saison zu Valencia um Programm – an déi huet de Gil Linster mat engem staarke Comeback markéiert.
Vun der 6. Plaz aus gestart, huet de Gil Linster schonn um Start missten enger Kollisioun aus dem Wee goen an ass dobäi an d’Kiesbett geroden. Hien ass als 20. erëm op d'Streck zréckkomm – opginn ass awer keng Optioun gewiescht.

© Julien Ramos / Imagify Visual Studio
An sengem Ford Mustang mat der Nummer 30 vum Team Rette Jones Racing huet hie sech spektakulär zeréck gekämpft, Plaz fir Plaz gutt gemaach, an no 15 Ronne schliisslech als véierte Pilot d’Zillinn passéiert.
Mat enger Ronnenzäit vun 1:42.564 huet de Gil Linster sech och nach déi séierste Ronn vum Dag geséchert. Well seng Konkurrenten an der zweeter Course manner Punkten gesammelt hunn, geet de Gil Linster elo mat engem Total vu 68 Punkten als Leader aus Valencia eraus.
"Dat war eng vun mengen beschte Coursen", sou e begeeschterte Gil Linster no der Course. "Nom Start hat ech missen duerch d’Kies fueren an hu mech zeréck gekämpft bis op Plaz 4. Ech si super frou driwwer. Fir mäi Team Rette Jones Racing ass dat genial – éischt Course an Europa, direkt e Podium, déi séierste Ronn an elo och nach Leader am Championnat!"
Gewonne gouf d’Course um Sonndeg vum Titelverdeedeger Martin Doubek, virum jonken Hollänner Bruno Mulders (Team Bleekemolen) an dem Japaner Miura Kenko.
De Programm vun der NASCAR Euro Serie um RTL Today an um RTL PLAY

Déi nächst Course steet den 17. an 18. Mee 2025 zu Vallelunga an Italien um Programm.